Vum 21. bis de 25. August ass zu Zolder an der Belsch eng 24-Stonne-Course gefuer ginn.

De Lëtzebuerger Nascar-Pilot Gil Linster war dëse Weekend zu Zolder beim STX Motorhomes 24 Stonnen op engem Porsche 992 GT3 Cup vum Team Speedlover am Asaz. Zesumme mam Rik Renmans, Wim Meulders, Olivier Meurens an Olivier Dons waren hien déi néngt Zäit am Qualifying erausgefuer.

Bei der Super-Pole huet de Rik Renmans, Proprietär vum Porsche, den Auto mat der Nummer 17 op déi 14. Plaz gesat, vun där si och um Samschdeg géint 16 Auer gestart sinn.

Bei engem relativ interessante Starterfeld huet d’Ekipp mam Gil Linster sech lues a lues no vir geschafft, fir um Enn op der 8. Plaz bei 40 Starter iwwer d’Arrivée ze kommen. „Ech si ganz gutt eens ginn op deem Bolid, souguer um Samschdeg den Owend am décke Reen“, sot een zefriddene Lëtzebuerger no der Course.