"Whizzer" - e Motorrad made in Luxembourg
Fir Enthusiaste vum Motorsport ass d’Mark "Whizzer" wuel e Begrëff. Eng amerikanesch Motorradsmark, déi hiren Ursprong zu Detroit huet.
Wat awer manner bekannt ass, ass, dass genee déi Motorrieder och eng Zäit laang zu Lëtzebuerg hiergestallt goufen. Zu Zéisseng ass et eng Fabrick gi mat 60 Mataarbechter, an deene vun 1947/48 bis d’Mëtt 1950er Jore Whizzeren zesummegebaut gi sinn. Alles huet mat enger Zeitungsannonce ugefaangen:
"An do stoung: 'Sichen ee kapabele Mann fir ee Moto an ee Kader ze bauen.”'An den Här Pierre Didier huet sech du gemellt an hien huet du vun Amerika aus gesot kritt : 'Där kënnt dat maachen'. An hien huet du Leit agestallt, fir eben déi Firma opzebauen. An esou ass dat am Fong 47/48, et weess kee genau wéini, ass dat dunn ugaangen."
De Gilbert Bredimus ass zanter 50 Joer passionéiert vun ale Motoen, d’Geschicht vum Whizzer huet et him nieft senger Leidenschaft fir englesch Motorrieder ugedoen. Dofir huet hien sech och mat der Geschicht vun de Lëtzebuerger Whizzeren beschäftegt, Dokumenter gesammelt a mat Leit geschwat, déi déi Zäit materlieft hunn:
“Ech hat d’Chance, dass ech viru 35 Joer mat eenzele Leit, déi nach deemools gelieft hunn, konnt schwätzen iwwert Telefon an ech hu mir do vill Notte gemaach gehat, wëll ech hu geduecht, 'Wanns du et elo net méchs, dann ass iergendwann déi ganz Geschicht Whizzer vergiess an et weess kee méi eppes dovunner.'”
Et ware just e puer Joer, un deenen déi Motorrieder hei hiergestallt goufen. D’Stécker sinn aus Amerika op Antwerpen komm. Vun do aus ass ee Camion d’Material siche gaangen an huet alles op Zéisseng gefouert. Do goufen d’Motorrieder zesummegebaut an de Camion huet fäerdeg Modeller nees opgelueden an ass ënner anerem domadder an d’Belsch gefuer. Mam eidele Camion ass dann nees virun op Antwerpe gaangen.
“Et ass net, dass dat eng Produktioun vun 100 oder 200 Motorrieder ass, wëll soss hätten net 60 Leit do geschafft. Dat huet misste richteg viru goen a wéi gesot, mir hu jo och missten als Lëtzebuerg Motorrieder an d’Ausland exportéieren”, erzielt de Gilbert Bredimus. Zanter e puer Joer ass hien och selwer am Besëtz vun engem Whizzer. Zesumme mam Joel Keyser huet hie si nees an d’Rei gesat.
“Eleng déi Passioun u Motorrieder ze schaffen, dat ass net jidderengem senges. Awer herno huet een eppes Opweises an um Enn vum Dag seet ee sech: Dat doten ass elo schéin. Da gëtt den Zylinder rëm waarm, de Moto mécht Kaméidi, dat ass einfach genial!”, esou de Joel Keyser.
Eng Leidenschaft, déi verbënnt. An de 1950er Jore war et dunn och iergendwann eriwwer mat der Produktioun zu Lëtzebuerg. De Gilbert Bredimus denkt, dass de VW Käfer domadder kéint ze dinn hunn, deen ëm déi Zäit erauskomm ass. Een Auto, deen sech d’Leit leeschte konnten an deen och méi confortabel wéi d’Motorrad ass.
“Ech mengen et ass ee Stéck vun der Lëtzebuerger Industrie an dat wäert warscheinlech ni méi rëmkommen, dass mir zu Lëtzebuerg Motorrieder bauen. An dofir ass et vläicht wichteg, der Nowelt och ze soen, dass mir hei zu Lëtzebuerg Motorrieder gebaut hunn an et sinn der nach esou vill do, an et gëtt och no deene Maschinne gekuckt.”
An och wann et just e puer Joer waren, un deenen d’Motorrieder hei gebaut goufen, ass et dach ee Stéck Lëtzebuerger Industriegeschicht. An d’Iwwerbleibsel dovunner gi bis haut vu begeeschterte Motorradsfrënn geheegt a gefleegt.