Geheit déi al Reegelen an den Eck. Och no 75 Joer innovéiert d’Formel 1 weider. 2026 ginn et déi gréisste Reegelännerungen zënter méi wéi engem Joerzéngt.
Déi siichtbaarst Ännerung? Déi aktiv Aerodynamik! D’F1-Autoe passen de Wénkel vun hirem Front- an Heckflillek dynamesch un. An de Kéiere sinn d’Flaps am „Corner Mode“, hir Standard-Positioun, zou fir maximale Gripp ze generéieren. Mee op definéierte Ligne Droite kënnen d’Piloten de „Straight Mode“ aktivéieren, wou d’Flilleken opginn, fir de Loftwidderstand ze reduzéieren an d’Spëtzevitesse ze erhéijen. Dat steet all Pilot, all Ronn zur Verfügung.
Am grousse ganze sinn d’Autoe méi kuerz, méi schmuel a méi liicht. De Radstand gouf verkierzt, wat d’Autoe méi agil a méi reaktiv fir d’Pilote mécht. An och wann d’Autoe weiderhin op 18-Zoll-Felgen ënnerwee sinn, sinn d’Pneuen elo méi schmuel. Ënnendrënner sinn déi laang Venturi-Tunnelle verschwonnen, a ginn duerch ee méi flaache Buedem ersat. Dat bedeit manner Upressdrock, mee méi Flexibilitéit beim Setup.
D’Pilote kréien eng ganz Rei Kontrollméiglechkeeten an de Grapp, fir hir Ronnenzäit ze verbesseren, ee Konkurrent unzegräifen oder sech géint en Ugrëff ze verdeedegen. Direkt um Steierrad: de Boost-Knäppchen, den Overtake Mode an d’Recharge-Commanden.
Boost liwwert de Piloten maximal Leeschtung vum Motor an der Batterie – op Knäppchendrock. Si kënnen en iwwerall asetzen – fir unzegräifen oder sech ze verdeedegen – soulaang genuch Energie an der Batterie ass.
Overtake ass reng fir d’Attack geduecht – e gëtt zousätzlech Leeschtung bei héijer Vitesse u Piloten, déi bannent enger Sekonn hannert dem Auto virdru leien. Als prakteschen Ersatz fir DRS funktionéiert et mat engem eenzege Detektiounspunkt, deen de Piloten zousätzlech elektresch Energie fräischalt, fir en Iwwerhuelmanöver ze starten oder Drock opzebauen, fir de Géigner méi spéit an der Ronn ugräifen ze kënnen.
Fir Boost an Overtake ze notzen, mussen d’Piloten och hir Batterie geréieren. Zesumme mam Renningenieur wiele si verschidde Modi, fir d’Batterie duerch Bremsenergie an Motorenergie nees opzelueden. Boost, Overtake a Recharge maachen aus de Pilote taktesch Meeschteren a bréngen nei Variabelen an d’Spill – d’Coursse gi manner previsibel.
Ugedriwwe gëtt dës Revolutioun vun enger vun de wichtegsten Neierungen 2026. Am Kär bleift et e 1600er V6 Turbo Hybrid, mee d’Gläichgewiicht vun der Leeschtung huet sech markant verréckelt – bal eng 50/50 Verdeelung tëscht Verbrenner an Elektro, wat d’Hybrid-Performance op en neien Niveau hieft. Den “Energy Recovery System” vum Auto kann d’Batterie elo mat duebel sou vill Energie pro Ronn oplueden.
D’Formel 1 huet een erkläerten Zil: netto null Emissiounen. 2026 ass e wichtege Meilesteen. Déi nei Power Units lafe fir d’éischt mat nohaltegem Sprit. Deen entsteet aus modernste Source wéi stockéiertem CO2, Haushaltsoffäll an net-iessbarer Biomass – an ass onofhängeg zertifiéiert no strenge Nohaltegkeetsnormen.
All Reegelännerung bréngt och Sécherheetsverbesserungen – an 2026 ass do keng Ausnam. D’Iwwerliewenszell vum Pilot an den Iwwerrollbigel si verstäerkt an halen elo 23% méi Belaaschtung aus. De Frontberäich trennt sech elo an zwou Phasen. Dat bitt de Pilote méi Schutz bei grousse Crashen, wou et nom éischte Kontakt zu weidere Kollisioune komme kann. Fir de Risiko vu Säite-Impakter bei niddreger Visibilitéit ze reduzéieren, kréien all Autoen zousätzlech obligatoresch Luuchten un de Säite vun de Spigelen – nieft den existente Reeluuchten hannen.
D’Formel 1 setzt grouss Hoffnungen an dës nei Reegelen: d’Coursse solle besser ginn! Mat manner Downforce gëtt et méi einfach, engem aneren Auto duerch d’Kéieren hannendrun ze fueren – mee d’Autoe selwer wiere méi usprochsvoll ze pilotéieren. Déi selwecht Leeschtung, manner Gripp. D’Talent vun de Pilote wäert nach méi am Mëttelpunkt stoen – méi dacks um Limit. D’Zukunft vun der Kinneksklass soll méi séier a méi intensiv ginn. Dat ass d’Versprieche vun der Formel 1!
Dëse Video an dësen Text gouf vun der “Formel 1" produzéiert a vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.
Bei de Wantertester hunn d’Piloten déi méi liicht a kleng Autoen effektiv gelueft. Den Energiemanagement gëtt vun de meeschte Piloten awer als ganz komplex beschriwwen. Vill Acteure si gespaant, ob déi nei Reegele wierklech wéi geplangt funktionéieren.