Formel 1Aston-Problemer, Motoresträit, Startschwieregkeeten a Ferrari-Spoiler

Serge Pauly
D’Formel huet sech esou intensiv wéi scho laang net méi op déi nei Saison preparéiert. Mee net nëmmen d'Zäiten op der Stoppauer hunn dobäi fir Schlagzeile gesuergt.

De Countdown leeft! De 6. Mäerz fänkt zu Melbourne mam éischte fräien Training déi nei Formel-1-Saison un. Wéinst neien technesche Reegelen hunn d’Ecurien an d’Piloten hir Autoen dëse Wanter esou intensiv getest wéi scho laang net méi. Déi nei F1-Generatioun giff fir unzefänken bei enger Shakedown-Woch zu Barcelona engem Funktiounstest ënnerzunn ( Shakedown zu Barcelona: Éischte groussen Test fir d’Formel-1-Generatioun 2026 - RTL Lëtzebuerg). Richteg serieux gouf et du mat dräi Testdeeg am Bahrain ( Éischt Tester am Bahrain: Topp 4 no beieneen, Aston Martin mat Problemer - RTL Lëtzebuerg). Dës Woch haten d’Écurien dunn um selwechte Circuit déi leschte Méiglechkeet, fir sech optimal op déi nei Saison ze preparéieren. Um Enn vun den zwou Bahrain-Testwoche realiséiert de Charles Leclerc op Ferrari iwwregens déi absolut Beschtzäit.

Bei Aston Martin par contre ass Krisestëmmung. Esouguer de Stardesigner Adrian Newey kritt seng Kreatioun einfach net un d’Lafen. Schold ass virun allem den Undriff vum neie Motorepartner Honda. D’Japaner hunn déi komplex Technik nach net am Grëff. Pannen op der Sträck, laang Reparaturen an der Garage... d’Piloten Alonso a Stroll kruten net vill Ronnen ze fueren. Um Enn gouf den Testprogramm reduzéiert, well Honda net genuch Ersatzstécker dobäi hat. Déi Responsabel vum Team probéiere mol net, d’Situatioun schéin ze schwätzen: “Et ass kee fantasteschen Start. Mir mussen zouginn, dass mir nach vill ze dinn hunn. Mir sinn net op deem Niveau, wou anerer sinn.”, esou de Mike Krack, deen och dës Saison bei Aston Martin fir d’Circuitsaktivitéite responsabel ass.

Och de Mercedes-Motor huet fir Schlagzeile gesuergt. Awer net wéinst Pannen, mee éischter wéinst enger kreativer Interpretatioun vun de Reegelen. D’Ingénieuren haten en Trick fonnt fir mat méi Kompressioun, also méi Leeschtung, ze fueren. D’Konkurrenz huet doranner en onfaire Virdeel gesinn. Hannert de Kulisse gouf et décke Buttek. Um Enn war Mercedes d’accord spéits am Summer op dësen Trick ze verzichten. De Mercedes-Teamchef fillt sech an den Eck gedréckt: “Déi aner hunn sech all zesummegedoen an hu behaapt eise Motor wier illegal. D’FIA gouf ënnert Drock gesat. Ass dat an der Rei? Philosophesch kann ech dat net akzeptéieren, mee esou leeft et an der Formel 1 zënter 50 Joer. Dës Kéier hu mir eben dee Kierze gezunn.“

An da gouf et Diskussiounen, dass déi nei Autoen net gutt – oder guer net – beim Départ fortkommen, Stéchwuert Turbolach. Virun allem McLaren huet doranner ee Sécherheetsrisiko gesinn. Bei den Tester dës Woch goufen dofir verschidde verlängert Startprozedure getest, fir de Pilote genuch Zäit ze ginn, hiren Turbo op Touren ze bréngen. Onnéideg seet Ferrari, well hir Motoren dee Problem net hunn: “Den Depart ass immens wichteg, dat hate mir am Hannerkapp wou mir eis déi nei Reegelen ugekuckt hunn, an hunn eis dorobber preparéiert. Et bleift kniwweleg, esou wéi fir jiddereen. Mee vläicht gesi mir do effektiv besser aus wéi déi aner. Ech si frou, dass et esou ass.”, erkläert de Charles Leclerc.

A propos Ferrari: Déi hunn en Donneschdeg déi ganz Formel-1-Welt mat engem neien Heckspoiler iwwerrascht. Dee klappt net erof, mee dréint sech ronderëm sech selwer. Dat hätt aerodynamesch Virdeeler. Op de Spoiler wierklech agesat gëtt, ass nach onkloer.

Déi zwou Testwochen am Bahrain hu gewisen, dass déi nei Reegele fir kreativ Léisunge suergen. An dass déi meescht Ecurien nach net wierklech prett sinn. Ingénieuren a Piloten brauchen nach vill Zäit fir déi nei Technik wierklech ze beherrschen. Den Energiemanagement wäert an de Courssen eng extrem wichteg Roll spillen, och dat mussen d’Acteure fir d’éischt nach perfektionéieren. Virun allem um Ufank vun der Saison kéint et deemno zu turbulente Coursse mat villen Iwwerraschunge kommen.

Back to Top
CIM LOGO