Um Freideg stounge 6 Speciallen um Programm vum Rallye Monte-Carlo, an hei war de Grégoire Munster virun allem moies extreem staark ënnerwee.

En Donneschdeg war den Optakt vun der Rallye-Weltmeeschterschaft, dat wéi gewinnt mam Rallye Monte-Carlo. 3 Specialle goufe gefuer an den Equipage Munster/Louka huet den Dag op Plaz 7 ofgeschloss, nëmme 4,9 Sekonnen hannert dem duebele Weltmeeschter Kalle Rovanperä an 48,8 Sekonnen hannert dem Leader Thierry Neuville.

RTL

© Bastien Roux / DPPI via AFP

Um Freideg de Moie sollten 3 Specialle gefuer ginn, eng gouf awer neutraliséiert. Op deenen aneren zwou war et awer eng Persoun, déi besonnesch opgefall ass, dat a Persoun vum Grégoire Munster. Op ganz schwieregem Terrain mat engem Mix aus dréchene Stroossen, fiichten a liicht veräisten, konnt de Lëtzebuerger säin Talent opblëtze loossen. Hien ass mam M-Sport Ford Puma direkt zwee Mol déi zweetséierst Zäit am General gefuer. Domadder konnt hie sech am Generalklassement vun der 7. op déi 4. Plaz no vir kämpfen an huet Leit wéi Tänak, Rovanperä, Katsuta oder Neuville hannert sech gelooss. Den Thierry Neuville hat vill Zäit verluer, well hien an enger Descente eng Sortie hat, a sech hanne lénks d'Ophänkung zerstéiert huet. E konnt awer weiderfueren.

Mëttes goufen nach emol 3 Specialle gefuer, ma do huet de Munster sech e Platten agefaangen, wouduercher hien op der 8. Special bal 50 Sekonne verluer huet op d'Spëtzt. De Pneue-Setup fir déi lescht Special war dunn och net optimal an e fält domadder zeréck op Plaz 6 am General.

Mat deem Resultat hat hien awer nach all Chance, fir sech um Samschdeg a Sonndeg nach weider no vir ze kämpfen. Leider huet op der Verbindungsetapp vun der 9. Special zeréck an de Servicepark dunn awer de Ford Puma decidéiert net méi unzegoen... an den Equipage Grégoire Munster a Louis Louka konnt net mat Zäiten zeréck zu Gap am Servicepark sinn.

Dat bedeit dann, dass si eng zolidd Zäitstrof kréien, wouduerch en Top-Resultat wuel net méi méiglech ass.

Nieft dem Grégoire Munster ass awer mat sengem Brudder Charles Munster e weidere Pilot mat Lëtzebuerger Wuerzelen um Depart vum Rallye Monte-Carlo. Hie fiert an der RC2-Kategorie op engem Hyundai i20 N aus dem Haus BMA. Nom zweeten Dag ass hien zesumme mat sengem franséische Copilot Loris Pascaud op Plaz 23 am General an op Plaz 11 an der RC2. An der WRC2-Wäertung ass et no 9 Speciallen Plaz 8.

Provisorescht Generalklassement no 9 Speciallen

1) Ogier / Landais - Toyota GR Yaris Rally1 1:27:00,6
2) Evans / Scott - Toyota GR Yaris Rally1 + 12,6
3) Fourmaux / Coria - Hyundai i20 N Rally1 + 14,2
4) Rovanperä / Halttunen - Toyota GR Yaris Rally1 + 38,5
5) Tänak / Järveoja - Hyundai i20 N Rally1 + 47,3
*6) Grégoire Munster / Louis Louka - Ford Puma Rally1 +1:33,7
7) Katsuta / Johnston - Toyota GR Yaris Rally1 + 1:37,7
8) Pajari / Salminen - Toyota GR Yaris Rally1 +3:32,9
9) Neuville / Wydaeghe - Hyundai i20 N Rally1 + 3:58,6
10) Rossel / Dunand - Citroën C3 Rally2 + 5:04,0
...
23) Charles Munster / Loris Pascaud - Hyundai i20 N Rally2 +12:11,0

*De Grégoire Munster an de Louis Louka kréien nach eng Zäitstrof, déi hei nach net mat agerechent ass. Den Ament wou dësen Artikel geschriwwe gouf, hunn d'Mecaniciene vun M-Sport sech drëm gekëmmert den Auto sichen ze fueren an en de Servicepark ze bréngen, wou nom Feeler gesicht gëtt.