Eschduerfer BiergcourseWann en Duerf sech an eng Boxegaass verwandelt

RTL Lëtzebuerg
Zanter bal 40 Joer ass d'Biergcourse zu Eschduerf eent vun de gréisste Motorsporteventer zu Lëtzebuerg.
Passioun Biergcourse
E Réckbléck op ee PS-geluedene Weekend zu Eschduerf.

Mir kruten en Abléck an d’Organisatioun an an d’Passioun fir dës Course.

1,85 Kilometer, 11 Kéieren a ganz vill PS. E Sonndeg de Moie ginn déi ronn 150 Piloten alles op der exigenter Streck vun der Eschduerfer Biergcourse. Dausende Spectateure suivéieren déi spannend Course ëm déi bescht Placéierung. Hannert dem Steier sëtzt och den Thomas Ostermann. Hie krut d’Passioun fir Autoe quasi an d’Wéi geluecht a bedreift zanter 2004 aktiv Motorsport. Den 51 Joer ale Pilot aus Däitschland war viru 17 Joer déi éischte Kéier bei der Eschduerfer Biergcourse dobäi an huet zanterhier keng Editioun ausgelooss.

“Eschdorf ist immer eine ganz besondere Atmosphäre, weil eine recht große Veranstaltung für dieses kleine Land dargestellt wird. Die Zuschauermassen sind enorm, die Atmosphäre ist hier immer überwältigend. Eine tolle Veranstaltung, kann man nur ein großes Lob aussprechen.”

Dräi Deeg virum grousse Renndag hunn den Thomas a säin Team hiert Lager zu Eschduerf opgeschloen. Wäit hu se net misse reesen: si wunnen an Däitschland, op just 80 Kilometer vun Eschduerf. De Gros vun der Zäit verbrénge si bei hirem Zelt amgaange mat Waarden, erkläert den Thomas Ostermann.

“Bergrennen ist eine kurze Sportart – also kurze Fahrzeiten, sehr lange Warte- oder Zwischenzeiten, die man überbrückt. Man bereitet sich auch mental auf den Trainingstag vor. Jetzt gehen wir zum gemütlichen Teil über und fangen an zu grillen. Es ist fast wie Urlaub. Wir genießen die Zeit hier, und freuen uns auf ein schönes Wochenende, hoffentlich bei gutem Wetter.”

Fir de Laurent Rausch sinn déi Deeg virun der Course manner roueg. Quasi am Minuttentakt rabbelt den Telefon vum President vun der Union des Pilotes. Et ass déi zweet Editioun vun der Eschduerfer Biergcourse, déi hie mat organiséiert. Et war och seng Initiativ, fir no 5 Joer Corona-Paus d’Biergcourse nees zum Liewen ze erwächen. Do hannendru stiechen 8 Méint Preparatiounsaarbecht. Vun der Sich no Sponsoren a Benevollen, iwwer d’Autorisatioune bis bei d’Printe vun de Plakater. Ma de Laurent ass net just den Organisateur, hie geet och selwer mat sengem Auto un de Start.

“Et ass immens schéin als Organisateur och op senger eegener Streck kënne matzefueren. D’Eschduerfer Biergcourse bedeit mir immens vill. Et ass zwar eng Heedenaarbecht, mee éischtens ass mäi Papp scho fréier hei gefuer, deen 2014 gestuerwen ass. Schonn eleng dowéinst ass et schéin, hei matzefueren an et ze organiséieren. An déi Biergcourse hei ass europawäit bekannt. Et si Leit, déi komme mam Fliger op de Findel fir déi Course kucken ze kommen.”

Ronn 150 Benevolle pake beim Event eng Hand mat un, fir dass alles glat iwwer d’Bün leeft. Lokal Veräiner këmmere sech ëm Iessen an Drénken. Besonnesch wann een zwou Kapen op huet – déi vum Pilot an déi vum Organisateur – wier et wichteg, déi richteg Leit am Réck stoen ze hunn. Dofir hofft de Laurent Rausch, dass hien och fir d’nächst Joer nees motivéiert Leit fënnt, déi mat him zesummen d’Eschduerfer Biergcourse op d’Been stellen.

Wéi den Thomas Ostermann déi 33. Editioun vun der Eschduerfer Biergcourse erlieft huet, a wat hannert de Kulisse gelaf ass, gesitt Dir am Video-Reportage.

RTL NEWS vum 4.5.25: Biergcourse zu Eschduerf - Victoire fir de Sébastien Petit, Canio Marchione beschte Lëtzebuerger op Plaz 4

Back to Top
CIM LOGO