Zu Clastres (F) war d'Famill Weyland mat direkt 3 Autoen um Depart

Iwwerdeems de Yannis Weyland a senger Klass mat enger Victoire nees konnt heemfueren, ass et fir de Loris manner gutt gelaf.
Um Loris Weyland sengem Auto war de Vergaser am 1. Qualifying iwwergelaf, wat awer fir den 2. Quali konnt geléist ginn. Mat enger Reaktiounszäit vun 0,119 Sekonne war et Plaz 13, wärend de Yannis mat 0,008 Sekonnen op eng exzellent 4. Plaz gefuer ass.
An den Eliminatiounsronnen war no der 1. Ronn Schluss fir de Loris, well hie seng Minimalzäit ënnerbueden hat.
Besser gelaf ass et beim Yannis, dee sech bis an d'Finall gekämpft huet, an déi och gewanne konnt.
De Papp vun den zwee Bouwe war selwer dann och um Depart zu Clastres a Frankräich, dëst mat sengem "SuperComp"-Dragster. Et goung an enger éischter Phas drëm den Auto iwwerhaapt emol ze testen.

No 3 Leef war d'Vertrauen do an et ass seriö ginn... eng Zäit vun 8,6 Sekonne iwwer d'1/4-Meil war d'Resultat. An der SuperComp-Klass gëtt op eng Richtzäit vun 8,9 Sekonne gefuer, deemno huet et geheescht den Auto präzis anzebremsen, wat dem Sam Weyland dann och net schlecht gelongen ass. 8,92 Sekonnen ass en an der Halleffinall gefuer.. war awer net duergaange war fir d'Finall. Deemno war et um Enn Plaz 3, woumat de Sam Weyland dann awer ganz zefridde war, fir en éischten Test.

Den nächste Rendez-vous ass an annerhallwer Woch an Italien, méi genee zu Rivanazzano.