Beim Optakt vun der EM gouf et deels gutt Resultater fir d'Lëtzebuerger Piloten

Souwuel de Kenny Reding, wéi och de Bob Schanen konnten an hire respektive Kategorien um Enn eng gutt 5. Plaz feieren.
De leschte Weekend war den éischte Laf vun der Europameeschterschaft am Autocross zu Seelow an Däitschland. Wéi all Joer waren och nees eng Partie Lëtzebuerger Piloten hei um Depart.
Ugefaange mam Kenny Reding an der Kategorie Buggy 1600, dëst fir Peters Autosport. Mat all Kéiers enger Top4-Plazéierung an de Virleef konnt hie sech fir d'Halleffinall qualifizéieren. Hei ass et him gelongen déi 5. Plaz ze sécheren, woumat hien dann och fir d'Finall qualifizéiert war. En ass vun der 9. Positioun gestart, ma duerch eng gutt Course konnt hie véier Plaze guttmaachen a sech bis op Plaz 5 no vir kämpfen. Gewonne gouf d'Finall vum Hollänner Danny van den Berg, virum René Mandel (D) an dem Damien Drepeau (F).
De Kenny Reding sammelt um Weekend 16 Punkten an der EM a steet nom 1. Laf op Plaz 7.
An der CrossCar-Kategorie ware mat Bob, Max a Gerry Schanen, Dylan Donat an Alain Feller direkt 5 Lëtzebuerger ugetrueden. Fir de Max a Gerry Schanen ass et am Training net wierklech gutt gelaf, nodeems et ugefaangen hat mat reenen. Am 1. Training konnt béid keng gutt Zäit fueren an och am 2. Training konnte se sech net verbesseren. Si konnte sech allebéid net fir d'Halleffinall qualifizéieren. Nom Weekend fuere si mat de Plaze 24 (Max) a 54 (Gerry) nees heem op Lëtzebuerg.
Besser a Form war de Bob Schanen. Hie konnt sech a senge Qualifikatiounsleef behaapten a gëtt a senger Halleffinall de gudde 4ten, wouduerch hien an der Finall vu Plaz 7 gestart ass. E konnt sech dann och do nach emol verbesseren a schléisst de Weekend mat enger 5. Plaz an der CrossCar-Kategorie of.
Den Dylan Donat hat et och bis an d'Halleffinall gepackt, koum do awer just op Plaz 9, wouduerch hien de Sprong an d'Finall net gepackt hat. Um Enn ass et Plaz 18 fir hien. Den Alain Feller kënnt op Plaz 46.
An der EM ass et no der 1. Course Plaz 4 fir de Bob Schanen, dat mat 25 Punkten. Leader ass hei de Fransous David Meat mat 32 Punkten.
An der SuperBuggy-Kategorie kënnt de Ferdinand Gengler op Plaz 13. Eng 7. Plaz an der Halleffinall war net duergaangen, fir sech fir d'Finall ze qualifizéieren.
Nächte Rendez-vous an der Autocross-EM ass Enn Mee, Ufank Juni zu Musa a Lettland.