Beim zweete Rendez-vous vun der Saison goung et fir de Steve Jans an d'Belsch, méi genee op Spa, wat hien als seng Heemcourse bezeechent.

Dës Course war besonnesch wichteg, well hei an enger Course duebel Punkte verdeelt goufen. Net manner wéi 500km sinn hei gefuer ginn. Beim Optakt a Portugal waren et jo eng drëtt an eng fënneft Plaz fir de Steve Jans an den Aron Walker, déi sech de Cockpit vum GetSpeed-Mercedes AMG GT3 deelen. Si ginn an der International GT Open an der Pro-Am-Klass un den Depart.

RTL

De Weekend war dann och direkt gutt ugaangen, well de Lëtzebuerger-britteschen Duo konnt sech Plaz 3 an der Klass sécheren, wat eng gutt Ausgangsbasis fir d'Course war. D'Moyenne vun den zwou Beschtzäite vun den zwee Pilote loung bei 2min15,321. Am Gesamtklassement vum Qualifying war dat Plaz 12 ënner 30 Teams.

De Steve Jans ass de Start vun der Course gefuer an hei konnt hie schonn zimmlech fréi den direkte Konkurrent an hirer Klass iwwerhuelen, den SPS-Mercedes vu Valentin Pierburg an Dominik Baumann. Kuerz dono huet e sech dunn och nach den Audi R8 vum Marcin Jedlinksi a Karol Basz geschnaapt, fir vun deem Moment un op Plaz 1 an der Pro-Am-Klass ze sinn, an dat schonn no der 1. Ronn vun der laanger Course.

RTL

"Besser hätt et net lafe kënnen", esou de Steve Jans an enger Reaktioun no der Course.

De Lëtzebuerger konnt wärend sengem Stint déi 1. Plaz an der Klass verdeedegen a konnt och e sëllege Piloten aus der PRO-Kategorie hannert sech loossen.

Den Aron Walker konnt d'Viraarbecht vum Steve Jans dann och op sengem Stint verdeedegen an hie bréngt de Mercedes-AMG GT3 EVO op Plaz 1 an der Pro-Am-Klass iwwert d'Arrivée, dat nodeems 2 Stonnen a 50 Minutte Course gefuer gouf. Am Generalklassement war et Plaz 8.

Gewonne gouf d'Course vum Levente Révész an dem Maximilian Götz vum Team Motopark Mercedes-AMG GT3 EVO. Si haten no 72 Ronnen 1min14 Virsprong op de GetSpeed-Mercedes vu Jans/Walker.

Mat deem Resultat sti Jans/Walker elo op Plaz 2 an der Pro-Am-Wäertung vun der International GT Open, dat mat 30 Punkten. Op Plaz 1 stinn Baumann/Pierburg mat 34 Punkten.

Den nächste Rendez-vous ass vum 6.-8 Juni um Hockenheimring an Däitschland.