Lëtzebuerger Auto huet Chancen op Klassevictoire
24 Stonne Coursse si legendär. Zemools déi um Nürburgring. Dëst Joer ass eng Lëtzebuerger Ecurie mat bekannte Lëtzebuerger Pilote mat um Depart.
Dëst Joer ass eng Lëtzebuerger Ecurie mat bekannte Lëtzebuerger Pilote bei der 53. Editioun mat um Depart. Den Dylan Pereira, Carlos Rivas, Tobias Müller (Däitschland) an den Noah Nagelsdiek (Däitschland) wäerten an de Porsche 911 GT 3 Cup Auto mat der Nummer 948 vun der Ecurie 48Losch Motorsport by Black Falcon klammen an ëm d'Victoire an der Cup 2 Klass kämpfen.
Den Dylan Pereira ass aktuell gutt a Form. De Porsche Supercup Champion aus dem Joer 2022 huet an dëser Saison quasi all Course gewonnen, bei där hien un den Depart gaangen ass. Bei der 24 Stonne Course um Nürburgring stoung den Dylan Pereira schonn zwee Mol als Zweeten an der Cup 2 Klass um Podium. Dëst Joer soll endlech de grousse Coup geléngen.
Den Dylan Pereira: "Definitiv ass dat den Objektiv, ëmmer wann ech an eng Course eraginn, d'Zil ëmmer ze gewannen. Ech mengen, mam Line-up si mer wierklech gutt opgestallt, vum Team hier... Mir hunn alles wierklech gutt preparéiert, dass mer eis hei wuel fillen an dass mer och ee gutt Resultat kënne realiséieren."
Nieft dem Dylan Pereira klëmmt och de Carlos Rivas an de Cockpit. Den 48 Joer ale Lëtzebuerger huet scho Coursse vun de 24 Stonnen a méi klenge Kategorië gewonnen a bréngt Ring-Erfarung mat.
De Carlos Rivas: "Quitte, dass dat dann eng aner Klass war, déi vläicht elo net esou interessant sinn, kennen ech de Circuit. Ech hunn Erfarung, och wann ech elo d'lescht Joer e bësse manner gefuer sinn, dofir awer dëst Joer schonn d'NLS (Nürburgring Laangstrecke Serie) gefuer, och e bësse getest, dat heescht vun der Vitess hier misst et goen. Et muss een einfach e bësse virsiichteg un déi Saach erugoen, well 24 Stonne si laang."
E weidere ganz staarke Pilot, deen a Steierrad vum Porsche mat der Nummer 948 gräift, ass den däitschen Tobias Müller, dee schonn eng jett Ronnen um Ring gedréint huet. Nordschleife ass nämlech seng Heemstreck.
Den Tobias Müller: “Ech mengen, iwwer 100.000 Ronne sinn ech scho gefuer. Ech sinn elo zanter néng Joer hei op der Nordschleife ënnerwee, wunnen och an der Géigend, dowéinst ass et meng Heemstreck.”
Fir de Start vun der Course, déi e Samschdeg um 4 Auer lancéiert gëtt, ass d’Ekipp top preparéiert, mee a 24 Stonne mat 140 Autoen um Depart kann immens vill passéieren.
Am Kader vun de 24 Stonnen um Nürburgring gëtt och eng Classic Course iwwer 3 Stonne gefuer. Mat engem Porsche 964 Cup ’92 ass de Lëtzebuerger Charles Kauffman mat um Depart.
Den Start vun der Course, mat am ganzen 210 Autoen, ass e Samschden um 8.45 Auer. Spectateuren op den Tribüne kënnen ënnert anerem 178 Youngtimer bewonneren.
Dës Course mécht den Optakt vum Dag um Nürburgring an ass ëmmer e Fest fir all Youngtimer a Klassiker-Fans.