De Porsche 911 GT3 Cup Auto mat der Nummer 948 geet an der Cup 2 Kategorie vun der éischter Plaz an Course.

E Freideg den Owend ass déi lescht Qualifikatiounsseance vun der 53. Editioun vun de 24 Stonnen Nürburgring gefuer ginn.
 
D’Lëtzebuerger Ecurie "48 LOSCH Motorsport by BLACK FALCON" huet an der Cup-2-Kategorie déi séiersten Zäit realiséiert a Start deemno e Samschdeg de Mëtteg um 16 Auer vun der beschter Startplaz. 
 
Mat enger Zäit vun 8:31.230 waren déi zwee Lëtzebuerger Dylan Pereira a Carlos Rivas zesumme mat deenen zwee däitsche Piloten Tobias Müller an Noah Nagelsdiek op engem Tour eng Sekonn méi séier wéi Konkurrenz.
 
Am Ganze sinn eelef Autoen an der Cup-2-Kategorie ageschriwwen, déi ob der Nordschleife ëm Klassevictoire kämpfe wäerten.