Lancia huet sech rezent jo nees zum Rallyesport bekannt, dat mat der Aféierung vum Lancia Yspilon Rally4. Elo gëtt et eng ofgespeckte Versioun dovun.

Zanter dësem Joer engagéiert ee sech nees méi am Rallye, nodeems ee laang Jore vun der Bildfläch verschwonne war. Mam Lancia Ypsilon Rally4 HF huet een nees en Auto op de Marché bruecht, mat deem ee FIA-konform u Meeschterschaften deel kann huelen. Grousser Beléiftheet erfreet de Modell sech schonn an Italien an a Frankräich. Net manner wéi 100 Bestellunge stinn schonn an den Optragsbicher. Dat ass duebel sou vill, wéi ee sech an deem Zäitraum zanter dem Launch erwaart hat. Eleng bei der Rally di Roma Capitale, vum 4. bis de 6. Juli, sinn net manner wéi 18 Lancia Ypsilon Rally4 HF  an der Trofeo Lancia ugemellt.

RTL

Hei am Bild 3 Expemplairë vum Lancia Ypsilon Rally4 HF / © Andy Brücker

Ma domadder net genuch. Elo gouf och de Lancia Ypsilon HF Racing virgestallt. Dee passt an d'Rally6-Kategorie a markéiert deemno d'Entréesgamme fir an de Rallyesport. Den Auto ass änlech opgebaut wéi de Rally4-Modell, allerdéngs mat engem 1,2 Liter 3-Zylinder Motor mat 145 PS géintiwwer 212PS am Rally4. Dann ass och eng manuell 6-Gang-Boite verbaut, eng Spär a méi eng kleng Brems, fir just dat ze nennen. Vum Chassis iwwert Sécherheetszell bis Cockpit/Dashboard ass alles identesch wéi beim grousse Brudder aus dem Rally4. Deemno kann ee spéider och op de méi staarke Modell upgraden,

Interessant ass virun allem de Präis. Fir 38.900 Euro HTVA kritt een an asazbereete Lancia Ypsilon HF Racing... fir dat selwecht am Rally4 ze kréien, muss ee quasi mat 100.000 Euro rechnen. Deemno mécht Lancia hei nei Dieren op, fir Nowuesspiloten den Astig an de Rallyesport méi accessibel ze maachen.

RTL

© Andy Brücker

Nieft Lancia huet och Peugeot aus dem selwechte Stellantis-Grupp e sougenannte Rally6-Modell mam 208 erausbruecht, dee sech och scho grousser Beléiftheet erfreet. Op Säite vu Renault gëtt et dat ganzt och als Clio.

Dat mécht Hoffnung, dass nees méi jonk Piloten de Wee an de Rallyesport kënne woen, well et nees méi bezuelbar gëtt, och wa knapp 40.000 Euro ëmmer nach vill Sue sinn. Ma et kritt een e komplett entwéckelten an homologéierten Auto, mat héichwäertege Komponenten, wou een och sécher ass, dass een déi néideg Ersatzstécker beim Wierk selwer kritt, wann emol eppes sollt futti sinn.

RTL

© Andy Brücker

Iwwert divers Trophyen an ënnerschiddleche Länner ginn déi jonk Piloten dann och mat interessante Präisgelder gelackelt, an an der Rally4-Trophy wénkt duerch eng Victoire dann och eng Plaz an engem Wierks-Lancia Rally4, fir 2026 an der ERC, der Rallye-EM deemno unzetrieden.

En erfuerene Mann un der Spëtzt vu Lancia Corse HF

Bei Lancia këmmert den Eugenio Franzetti sech ëm de Volet Motorsport. Hie gouf 2024 als CEO vu Lancia Corse HF virgestallt a schafft hei enk mam Stellantis Motorsport-Departement zesummen. De Franzetti ass zanter laange Joren am Stellantis-Grupp doheem an huet scho fir Peugeot, Citroën an DS geschafft. Hie soll Lancia nees ganz wäit uewen an der Welt vum Motorsport etabléieren.

RTL

© Lancia