Dylan Pereira feiert 8. Victoire noeneen

© Porsche Carrera Cup Asia
De Lëtzebuerger huet am Porsche Carrea Cup Asia 5 Course viru Schluss 100 Punkten Avance op den Zweeten Enzo Trulli.
Mat enger dominanter Prestatioun huet den Dylan Pereira um Bangsaen Street Circuit an Thailand ee grousse Schratt Richtung Schlussvictoire am Porsche Carrea Cup Asia gemaach. Mat zwou Victoire vun der Pole an zweemol der séierster Ronn an der Course kuckt den 28 Joer jonke Lëtzebuerger op ee perfekte Weekend zeréck.
De fräien Training e Freideg hat awer alles anescht wéi gutt ugefaangen. Wéinst Problemer um Motor konnt den Dylan Pereira quasi net fueren. Bis zum Qualifying krut seng Ecurie Shanghai Yonda BWT dës Problemer awer geléist. Um Enn ass zweemol d'Pole Position dobäi erausgesprongen. An der éischter Manche haten d'Pilote mat Reen ze kämpfen. De Sportler vum Joer 2022 hat awer ee gudden Depart erwëscht a konnt seng Avance ausbauen. Véier Ronne viru Schluss huet d'Course du wéinst deem staarke Reen missen ofgebrach ginn. Un dem Dylan Pereira senger Victoire huet dat awer näischt geännert.
Déi zweet Manche e Sonndeg huet mat enger Stonn Retard ugefaangen. Kuerz virun der Course koum et zu engem Accident tëscht zwee Konkurrente vum Dylan Pereira. Gléck am Ongléck well de Lëtzebuerger konnt vun dësem roude Fändel profitéieren: "Ech hat Chance, well ech hat e puer Problemer mat der Elektronik. De roude Fändel huet et eis erméiglecht, dës Problemer an der Box ze behiewen. Fir d'Course war den Auto dunn awer rëm an der Rei."
Am Sprint konnt sech den Dylan Pereira an den 10 Ronnen eng Avance vun 8 Sekonnen erausfueren. Säi séiersten Tour war eng Sekonn méi séier wéi seng Konkurrenz a gläichzäiteg déi séierst Ronn, déi jee an engem Porsche zu Bangsaen gefuer gouf. "Et ass natierlech ee ganz gutt Gefill no sou engem schwieregen Ufank nach esou ee Weekend fäerdeg ze kréien. Déi komplizéiert Konditiounen an Tëschefäll hunn dat Ganzt zimmlech stresseg gemaach."
Am Porsche Carrea Cup Asia ass elo sechs Wochen Paus. Den 22. bis de 24. August geet et weider zu Mandalika an Indonesien. Um Programm stinn 3 Manchen. Schonn op der éischter kéint sech den Dylan Pereira d'Schlussvictoire am General sécheren.