De Fransous hat eng kloer Avance op den Däitsche Marijan Griebel, dee mam Lëtzebuerger Co-Pilot Johny Blom un den Depart gaange war.

Beim Rallye Lëtzebuerg stoungen e Samschdeg 4 Specialle ronderëm Housen um Programm, déi jee 3 Mol gefuer goufen. De Fransous Ghislain Barbier konnt all d'Specialle gewannen a war domat net ze klappen.

Séierste Lëtzebuerger Pilot war de Bob Kellen.
Beim Rallye Lëtzebuerg stoungen e Samschdeg 4 Specialle ronderëm Housen um Programm, déi jee 3 Mol gefuer goufen.

Den däitsche Rallyechampion Marijan Griebel huet d'Rallye Lëtzebuerg bis elo 5 Mol gewonnen an hat sech och fir déi 8. Editioun vill virgeholl. Eng weider Victoire sollt him awer net geléngen an hien huet sech misse mat der 2. Plaz zefridde ginn. De Virsprong vum Barbier op de Griebel louch um Enn bei 1 Minutt an 42,9 Sekonnen. Drëtte gouf de Belsch John Wartique.

Séierste Lëtzebuerger Pilot war de Bob Kellen, zesumme mat senger Co-Pilotin Nathalie Hoffmann op hirem Ford Escort MKII op der 5. Plaz. Dat virum Yann Munhowen, dee Sechste gouf. De Steve Fernandes louch kuerz viru Schluss op Plaz 4, huet awer op der zweetleschter Special vill Zäit verluer a fält zeréck op Plaz 8.

Séierste Lëtzebuerger Pilot war de Bob Kellen.
Beim Rallye Lëtzebuerg stoungen e Samschdeg 4 Specialle ronderëm Housen um Programm, déi jee 3 Mol gefuer goufen.

Klassement:
1)    Ghislain Barbier / Sabrina Barbier (F/F)) Porsche 991 Cup 1:10:43,1
2)    Marijan Griebel / Johny Blom (D/L) Skoda Fabia RS Rally2  op 1:42,9
3)    John Wartique / Maxime Andernack (B/B) Porsche 992 Rally GT op 1:58,5
5)    Bob Kellen / Nathalie Hoffmann (L/L) Ford Escort MKII op 6:35,9

Weider Andréck vum Rallye Lëtzebuerg 2025