De Fransous, dee säin Debut d'lescht Joer zu Imola ginn hat, an zanter deem éischter ënnert dem Radar gefuer war, war domat d’Iwwerraschung vum Weekend.

Wat e Weekend fir de Mathys Jaubert!  Um Hungaroring huet hie sech net nëmme seng éischt Pole geséchert, mee och mat enger Start-Zil-Victoire iwwerzeegt. De Fransous, dee säin Debut d'lescht Joer zu Imola ginn hat, an zanter deem éischter ënnert dem Radar gefuer war, war domat d’Iwwerraschung vum Weekend. 
 
Hannert him konnte sech de Schuring an de Levi op hirer Startpositioun behaapten. Ma esou roueg wéi et vir war, esou turbulent war et derhannert. Hei koum et zu enger Rei Kontakter, zwou Safety-Car-Phasen a ville klengen Tëschefäll. 
 
Besonnesch opgefall war de Kampf tëscht de Leaderen am Klassement, Robert de Haan an dem Alessandro Ghiretti. Den de Haan huet seng Positioun haart misse géint de Ghiretti verdeedegen, deen e puer Mol iwwert der Limitt attackéiert huet. Dat huet och d’Direction de Course gesinn a mat enger Verwarnung wéinst ze aggressivem Fuerstil reagéiert.
 
Mat dësem Resultat bleift den Alessandro Ghiretti esou just Leader am Klassement virum Robert de Haan. Et bleift zwou Ronne viru Schluss also weiderhi spannend.

Suivéiert déi nächst Course zu Zandvoort wéi gewinnt den 31. August live op RTL Play.