Virentscheedung ëm WM-Titel nach net gefall, Norris muss sech rëm fokusséieren

© Photo by JOHN THYS / AFP
Eng Woch no Zandvoort an der Victoire vum Oscar Piastri op McLaren geet et dëse Weekend an der Formel 1 schonn direkt weider mam Grousse Präis vun Italien.
Kann den Australier Piastri seng Leader-Positioun am Weltmeeschterschaftsklassement weider ausbauen, oder ka säin Equipier a schäerfste Konkurrent, de Lando Norris, néng Coursse viru Schluss zeréckschloen?
Dat si nëmmen e puer vun de Froen, déi dëse Weekend am Autodromo Nazionale Monza beäntwert wäerte ginn.
Zeréck an den "Temple of Speed"
Zu Zandvoort ass de Lando Norris mat technesche Problemer ausgefall. Fir McLaren war dat déi éischte Kéier zanter ronn zwee Joer, et muss ee bis 2023 op Austin bei de grousse Präis vun den USA zréckgoen. Duerch deen Abandon an Holland huet de Brit elo 34 Punkte Retard op säin Equipier Oscar Piastri.
Vun enger Virentscheedung kann een awer nach net schwätzen, seet den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl: "Weltmeeschterschaften, déi entscheet ginn duerch, ech soe mol, Pech gehat, Motorschued, Accidenter etc., ass eppes, wat extrem traureg ass, an awer ass dat eng Realitéit. De Lando Norris huet en zimmlech heftege Réckschlag missen akasséiere. An awer muss ee sech domadder zefridde ginn ze wëssen, éischtens mol, en hat virun der Summerpaus dräi vu véier Coursse gewonnen, en ass op engem gudde Streak ënnerwee an et sinn nach ëmmer néng Coursen ze fueren, éier dass d'Saison eriwwer ass. Seng Chancë sinn net nëmme mathematesch, mee ganz reell nach ëmmer do. Hie muss sech einfach erëm refokusséieren...e muss akzeptéieren; dat do ass näischt, wat hien ännere kann. Dat ass einfach domm gaangen."
Mat enger Duerchschnëttsvitess vun 246 Kilometer an der Stonn an enger Spëtze-Geschwindegkeet vu ronn 357 km/h gëtt den Autodromo Nazionale am kinnekleche Park vu Monza net fir näischt den "Temple of Speed" genannt.
Den Dominique Riefstah erkläert: "Iwwer 80 Prozent Vollgas, iwwer 350 Stonne-Kilometer am Qualifying ass eng Hausnummer. Dat vill Vollgas fueren heescht allerdéngs och, dass relativ wéineg Zäit domadder verbruecht gëtt, ze bremsen an doduerch ass d'Recuperatioun vun Energie, wat iwwert d'MGU-K leeft, relativ begrenzt. D'MGU-H, also déi Maschinn, déi um Turbo sëtzt, ass ëmsou méi gefuerdert. An do ass ganz kloer Virdeel Honda."
Zu Zandvoort huet Ferrari mam Out vum Charles Leclerc a vum Lewis Hamilton en Debakel no der Summerpaus erlieft. Dat wëll ee bei der italieenescher Ecurie beim Heemspill natierlech besser maachen.
Ma och dat gëtt awer net ganz einfach, wéi den RTL-Formel-1-Expert seet: "D'Autoe si jo da getrimmt op méiglechst effizient a méiglechst gudden Top Speed. Dat bedeit manner Appui wéi soss a méi Instabilitéit beim Bremsen. Verschidden Ecurieën, insbesonders Ferrari, och Mercedes an heiansdo och Red Bull, hunn d'Piloten, déi oft driwwer kloen, dass den Auto instabil ass an op der hënneschter Achs ëmmer erëm zum Ofräisse kënnt. Dat Ganzt gëtt bei dem nidderegen Appui-Niveau, deen zu Monza ze gesinn ass, nach eng Kéier verstäerkt a mécht do d'Problemer nach eng Kéier méi schlëmm."
Virun engem Joer huet sech de Charles Leclerc fir d'zweet a senger Formel-1-Carrière beim Grousse Präis vun Italien an de Palmarès agedroen. Wann och e Sonndeg nees e Ferrari-Pilot ganz uewen um Podium géif stoen, dann ass den däischteren Himmel iwwert der Scuderia nees ganz séier azzurro-blo.
A wéi de Grousse Präis vun Italien e Sonndeg ausgeet, kënnt Dir nees Live, vun 14.15 Auer u mam Virprogramm op RTL Tëlee Lëtzebuerg, op RTL Zwee an online op RTL Play suivéieren. All d'Auerzäite fannt Dir op RTL.lu.