Monaco bleift nach 10 Joer am F1-Kalenner

© Andrea Diodato / NurPhoto / NurPhoto via AFP
Kee F1-Circuit ass esou ëmstridden, wéi deen an de Stroosse vu Monte Carlo. Elo gouf de Kontrakt fir de Monaco-Grand-Prix verlängert.
Den aktuelle Kontrakt, dee souwisou nach bis 2031 gelaf wier, gouf elo fréizäiteg ëm véier weider Joer verlängert. Dat heescht, dass d’Formel 1 elo op d’mannst bis 2035 an de Stroosse vun der monegassescher Principautéit un den Depart geet.
De Grousse Präis vu Monaco ass net onëmstridden. Op der enger Säit steet de Glamour an de Prestige, déi hei esou grouss geschriwwe ginn, wéi soss néierens. Op der anerer Säit steet ee Circuit, deen einfach net méi zäitgeméiss ass. Mat de moderne Formel-1-Autoen, déi grouss a schwéier sinn, ass et quasi onméiglech z’iwwerhuelen. D’Resultat si langweileg Pressessiounen, wou d’Pilote quasi esou ukommen, wéi se beim Depart fortgefuer sinn. Dëst Joer gouf dowéinst eng nei Reegel vun zwee obligatoresche Boxestoppen agefouert, mee och dat huet de Spektakel net wierklech verbessert.

© Andrea Diodato / NurPhoto / NurPhoto via AFP
Virun zwee Joer stoung de Grousse Präis vu Monaco nach op der Kipp. Net onbedéngt wéinst der sportlecher Kritik, mee well den Automobilclub vu Monaco nach vun e puer Privileegie profitéiert huet, mat deenen d’F1 net méi d’accord war. Monaco huet der F1 vill manner Sue misste bezuelen wéi aner Circuiten, si haten d’Recht eege Sponsore laanscht de Circuit opzehänken a si hunn hir eegen Tëleesbiller däerfen dréinen. Eréischt nodeems den ACM op déi Privileegie verzicht huet, an och bereet war, fir e bësse méi Suen op den Dësch ze leeën, gouf de Kontrakt iwwerhaapt verlängert. Fir d’éischt bis 2031, elo da bis 2035.