55. Doudesdag vum Formel-1-Pilot Jochen Rindt

De Jochen Rindt um Grousse Präis vu Éisträich zu Spielberg, den 16. August 1970 / © VOTAVA / IMAGNO / APA-PictureDesk via AFP
Viru 55 Joer stierft de gebiertege Mainzer, mee an Éisträich opgewuessene Superstar duerch en Accident wärend dem Qualifying vum Grousse Präis vu Monza.
An der Formel 1-Saison 1970 schreift de Jochen Rindt mat fënnef Victoiren e Summermärchen am däitschsproochege Motorsport. Hie war um beschte Wee vir Formel-1-Weltmeeschter ze ginn. Eng drëtt Plaz wär duergaangen, falls säi Kontrahent, de Belsch Jacky Ickx géing gewannen. Mee d’Schicksal hat e ganz spezielle Plang fir dee Weekend, mat engem trauregen a gläichzäiteg spannenden Ausgang vun der Saison.
Am Qualifying fir de Grand Prix vun Italien zu Monza brécht beim Ubremsen virun der Parabolica um Lotus 72 déi riets Bremswell. Den Auto ass no lénks ausgebrach an ënner déi zimmlech héich gebaute Leitplanken erduerch gerutscht. De Rindt, deen aus Angscht virun engem Feieraccident säi Sécherheetsgurt nëmmen uewen ugestréckt hat, ass beim Opprall ënnen duerchgerutscht an dobäi gouf seng Luftröhre a seng Aorta vum Volant opgerappt, wouduerch de Pilot verblutt ass. Dem Colin Chapman säi Star-Pilot stierft nach op der Plaz. Rumeure sinn duerch de Paddock gegeeschtert, dat de Colin Chapman méi liicht Material der Sécherheet vun de Pilote virgezunn huet. Dofir ass hien och nom Accident ganz séier aus Italien verschwonnen.
De Lotus 72 war am Ufank vun der Saison net ze fueren, "eine Scheißkiste", wéi de Rindt de Won genannt huet. Säin deemolege Mecanicien, den Herbie Blash huet gesot: "Wou de Rindt fir d’éischt de Lotus 72 gefuer ass, huet hien e gehaasst. Duerch seng Käilform hat de Won esou vill Anti-Dive, dass hie beim Ubremsen net an d’Kéier erakoum. Nodeems mir eng sëllegen Ännerungen um Fuerwierk gemaach hunn, gouf den Auto konkurrenzfäeg. Wou hien zu Zandvoort gewonnen huet, war hien an den Auto verléift".

© VOTAVA / IMAGNO / APA-PictureDesk via AFP
De Lotus Rennstall war deemools bekannt, dass et eng ganz Partie Accidenter gouf, well d’Material net gehalen huet. Wou de Rindt 1969 bei Lotus ënnerschriwwen huet, sot säin deemolege Frënd, Bernie Ecclestone: "Wann s du bei Lotus gees, da kanns du Weltmeeschter ginn oder stierwen".
Den éisträichesche Journalist Helmut Zwickl huet deemools geschriwwen: "Jochen Rindt hat einen Pakt mit dem Teufel geschlossen". Um Enn hat de Journalist Recht, well den Ickx huet net gewonnen zu Monza an den deemolege Rookie Emerson Fittipaldi, als Ersatzpilot vu Lotus, huet de leschte Grand Prix zu Watkins Glen gewonnen. Esou ass de Jochen Rindt bis haut den eenzege Formel-1-Pilot, dee posthum Weltmeeschter gouf. Seng Fra Nina huet am Dezember 1970 de Pokal vum Weltmeeschter iwwerreecht krut a seng Duechter Natascha Rindt huet de Pokal haut nach.

© DPA / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP