Asian Le Mans SeriesSteve Jans mat staarke Resultater zu Dubai an Abu Dhabi, mat um Enn enger Podiumsplaz

Andy Brücker
4 Coursse bannent 8 Deeg - de Lëtzebuerger hat nawell e stramme Programm an den Arabeschen Emiraten.
© GetSpeed

De Steve Jans ass zesumme mat sengem GetSpeed‑Team an der Schlussphas vun der Asian Le Mans Series an d’Vereenegt Arabesch Emirater gereest, wou si bannent aacht Deeg véier 4-Stonne-Courssen op zwou Strecke gefuer sinn.

Zu Dubai huet de Steve Jans eng staark Qualifikatiounen ofgeliwwert an d’GT-Klass esouguer ugefouert, mee him huet dat néidegt Gléck gefeelt. Et ass nëmme fir d’Plaze 6 a 7 duergaangen. Eng Woch méi spéit zu Abu Dhabi um Yas Marina Circuit huet hie seng gutt Form bestätegt an zwou Pole‑Positions erausgefuer. En technesche Problem huet déi éischt Course awer virzäiteg op en Enn bruecht. No der Reparatur konnt hien an der nächster, turbulenter Course eng staark zweet Plaz realiséieren.

© GetSpeed

Trotz Réckschléi hunn de Steve Jans a seng Teamkolleegen Anthony Bartone a Fabian Schiller genuch Punkte gesammelt, fir am Schlussklassement op Plaz 3 ze landen – just een eenzege Punkt huet op Plaz 2 gefeelt. De Steve Jans weist sech zefridden a gesäit d’Performance als wichtege Schrëtt a Richtung vum groussen Zil: eng Startplaz zu Le Mans.

© GetSpeed

Projet 2026

Op d’Nofro, wéi et dës Saison fir de Steve Jans weidergeet, war et just d’Ausso, dass en nees mat GetSpeed an engem GT3-Championnat wäert starten, an dass och deen een oder aneren internationalen Highlight mat dobäi wier. Wéi ee Championnat et ass, a wéi eng Highlights hien erwaarden, dierfte mer dann deemnächst hei gewuer ginn. Mir bleiwen um Ball...

Back to Top
CIM LOGO