48 Losch Motorsport kuckt op eng erfollegräich Saison 2025 zeréck, mat virun allem der Klassevictoire bei de 24 Stonnen um Nürburgring mam Dylan Pereira an Carlos Rivas, zesumme mat zwee däitsche Piloten op engem Porsche 911 GT3 Cup, deen zesumme mat Black Falcon opgebaut gouf. Dës Firma huet 20 Joer Experienz, fir esou Course-Autoen ze préparéieren, an hat d’lescht Saison bei 5.300 Coursekilometer keen Ausfall ze bekloen.
Dës Saison wëll 48 Losch Motorsport zesumme mat Black Falcon nees an der Nürburgring-Laangstrecke-Serie un den Depart goen, allerdéngs net wéi d’lescht Saison mat engem Cup-Auto, mee mat engem Porsche 911 GT3 R EVO. Autoen, déi ëm d’éischt Plaz fueren.
Dëse Won huet 565 Päerd, 40 méi wéi d’Cup-Versioun, a weit 1260 Kilo, ronn 40 Kilo manner wéi de Porsche vu leschter Saison. Och d’Pneue goufe vu Goodyear extra fir dëse Course-Auto entwéckelt. Gefuer gëtt dëse Porsche vun den Daitschen Tobias Müller an Patrik Assenheimer, alle béid mat ganz vill Laangstrecken-Erfarung. Nieft hinnen sëtzt och den Dylan Pereira am Cockpit. Den Autosportler vum Joer fiert dëst Joer net nëmmen d’24 Stonnen vum Nürburgring fir dës Ecurie