Equipage Kellen-Munhowen-Schiltz klasséiere sech als 29. a fueren an hirer Klass op Plaz 2.

Déi 32. Editioun vun de Spa Six Hours gouf de Weekend um flotte Circuit an de belschen Ardennen zu Francorchamps gefuer. Dësen Event bitt all Joer eng eenzegaarteg Atmosphär, bei där de Visiteur ganz déif an den historeschen Automobilsport andauche kann.

Alles fänkt am Paddock un, wou de Fan ganz no un de Maschinnen drun ass, mat de Piloten a mat de Mecaniciene Small-Talk hale kann. Nieft Coursse mat ale Formel-1-Autoen, Prototyppen souwuel virum wéi och no dem 2. Weltkrich stoungen och Toureween, Sportsween aus der Kategorie Gentleman Drivers um Programm. Mä d’Haaptattraktioun war d‘6-Stonne-Course mat knapp 80 Konkurrenten um Depart. Eng Erausfuerderung vu Mënsch a Maschinn, net nëmme bei Sonneliicht, mee och am Scheinwerferliicht bis spéit an d’Nuecht eran. An enger Atmosphär, wou all Ronn d'Geschicht vum Motorsport nees opliewe léisst, goungen och fënnef Lëtzebuerger Equipagen un de Start.

Bei bedecktem Himmel, awer dréchenem Wieder gouf um Freideg de Qualifying gefuer. 90 Minutten haten d'Equipagen Zäit, fir eng séier Ronn an de Makadamm ze pechen. Leider goufen et eng Partie Rout Fändele wéinst Ausrutscher an d’Botanik oder an de Kisel. Séierst Lëtzebuerger Team war Kellen-Munhowen-Schiltz #64 op Plaz 37 op dem Mustang vu Wengler Racing. Op d’Plaz 42 op engem Lotus Elan #87 den Equipage Vermast-Wilwert-Lübbert. Mat hirem Mustang Shelby si Konsbruck-Pichonnier-Vermast #352 op déi 49. Plaz gefuer. Op der 53. Plaz stoung de Mustang vum DJAG Racing #33 mat Wagner-Dichter-Linster an op der 62. Plaz och op engem Mustang den Equipage Feltes-Kauffmann-Welter #45.

Bei sonnegem Hierschtwieder goungen um Samschdeg genau um 16.00 Auer d'Luuchten op Gréng fir de Start vun dësem Classic-Marathon. Schonn an der éischter Ronn gouf et eng Safety-Car-Phas, well de Ford GT40 #5 sech gedréint an d'Mauer beréiert hat. Déi sëllege Visiteuren op de volle Gradine krute schonn direkt um Ufank Action gebueden. Wärend dem ganzen Event gouf an alle Kategorien ëm d’Victoire oder mindestens ëm de Podium an der jeeweileger Klass gekämpft. No knapp zwou Stonnen ass aus Lëtzebuerger Siicht de Mustang# 352 bei Les Combes mat engem gebrachene Vilbrequin stoe bliwwen. Géint 19.00 Auer hat eng Soupape vum DJAG-Mustang # 33 de Geescht opginn an deen huet och missen ofgestallt ginn. Aussergewéinlech Vibratiounen an e komesche Kaméidi um Mustang # 45 waren de Grond woufir een den Auto an d'Box gefouert an opginn huet. De Lotus #87 huet ebenfalls verdächteg Geräischer gemaach, stoung dowéinst och dacks an der Box. Méi spéit konnt d'Gefier awer nach als 61. iwwer d'Arrivée gefuer ginn.

Gléck am Ongléck hat de Mustang #64 mam Bob Kellen um Steier. Nodeems de Yann Munhowen an de Max Schiltz sech stänneg ënner den éischten 30 beweegt hunn, war et um Bob Kellen, den Auto iwwer d'Arrivée ze bréngen. An engem filmräife Krimi, dee schlecht ugaangen ass, huet d'Fortuna der Ekipp awer nach zu engem gudde Schluss verhollef. Eng Ronn 40 Minutte virum Schwaarz/Wäiss karéierte Fändel huet de Mustang vum Wengler Racing sech e spannenden Zweekampf ëm d'Victoire an der Klass mam Mustang #101 geliwwert. Pare-choc u Pare-choc goung et no der Kemmel-Straight an d'Schikan Les Combes eran. Virum Lëtzebuerger Mustang #64 huet e Lotus sech op enger Uelegspuer gedréint an de Bob konnt net méi auswäichen a rennt dem Lotus an d'Bäifuerersäit. Béid Autoe landen am Kräsi a bleiwe stiechen. Dem Bob säi Klasse-Konkurrent mat der #101 koum ganz just laanscht, huet awer och mussen duerch de Kräsi fueren. Well deem seng Bremsen awer voll Steng waren, huet dee mussen direkt an d'Box fueren.

De Bob Kellen huet laut dem Kaméidi vum Aschlag geduecht de Mustang wier platt. Mee deem war net esou. D'Marschallen hunn den Auto mat Hëllef vun enger Depanneuse aus dem Kräsi gezunn a soten dem Pilot hie kéint weiderfueren. Leider huet de gediebelte Kotfligel de fiichte lénkse Pneu opgeschlitzt, wat zu engem Platte gefouert huet. No enger Ronn op dräi Rieder koum de Wäiss/Bloe Pony an d'Box, fir de Pneu ze wiesselen. D'Mechaniker haten enttäuscht iwwer den Abondant d'Geschier schonn alles ageraumt an hunn net schlecht gestaunt, wéi op eemol den Auto beim Garage stoung. Schnell gouf de Kotfligel mam Hummer beaarbecht, de Pneu gewiesselt a weider goung et. Um Enn goufe si déi 29. am Generalklassement an déi Zweet an hirer Klass an halen domat de Lëtzebuerger Fändel nees héich.

Gewonnen huet den Equipage Ferrao-Stretton um Ford GT40 #7 virum dem ganz staarken Ginetta G4R #2 mat Pedersen-Weiss-Kjaergaard an dem Ford GT40 #20 mat Funke-Sanchez-Salewski.