
D’Klass gewonnen an nodréiglech op Plaz 3 am General no vir geréckelt. Dem Dylan Pereira säin NLS-Optakt ka sech weise loossen. Zesumme mat sengen Teamkolleegen Tobias Müller a Patrick Assenheimer huet de Lëtzebuerger um Porsche 911 vum Team 48 Losch Motorsport by Black Falcon geglänzt. Ursprénglech op Plaz 4 ukomm, si si op de Podium nogeréckelt, well d’Ekipp ronderëm de véierfache Formel-1-Weltmeeschter Max Verstappen nodréiglech disqualifizéiert ginn ass.
“Ech si ganz happy mat eiser 1. Plaz an der Klass, Véierten am General (Den Interview ass virun der Disqualifikatioun vum Verstappen-Mercedes opgeholl ginn), an et war déi éischt Kéier vun engem Porsche mat Pneue vu Goodyear hei op der Streck. Mir hunn den Auto ëmmer besser gemaach, d’Ekipp huet e mega Job gemaach, bis bal Mëtternuecht hu mir geschafft an an der Course war den Auto nach besser. E grousse Merci un d’Ekipp, un d’Sponsoren an d’Team. D’nächst Kéier geet et hoffentlech nach besser. Ech hat op Plaz 3 gehofft, hunn awer am Verkéier méi Zäit verluer wéi d’Konkurrenz. Ech sinn awer happy, dass mir d’Klass gewonnen ze hunn, et war déi éischt Kéier mat dësem Team, nach besser kann et bal net ginn.”
“Fir mech ass et wichteg, dass de Max Verstappen hei dobäi ass. Et ass gutt fir eise Sport, hie bréngt bestëmmt 50.000 bis 60.000 Leit mat. Ouni Fans déi Tickete kafen, kënne mir dee Sport net maachen. Et ass einfach nice, wann d’Zuschauer hei sinn. Et motivéiert dech nach méi, besonnesch bei de 24 Stonnen, wann s de midd bass, pushe si dech nach emol, et ass besser fir duerch d’Nuecht ze kommen. Ech hoffen, dass eise Sport doduerch gepusht gëtt a mir dovu profitéiere kënnen. Mir sinn an enger aner Klass, éischt Zil ass eis Klass ze gewannen, a wa mir hien, de Max Verstappen dann nach schloe kënnen, soen ech net Neen. Wéinst sengem ville Fueren am Simulator ass hie virtuell schonn oft hei gewiescht, an ass doropshi warscheinlech op de Goût vum GT-Fuere komm. Hie huet sech warscheinlech gesot, ech wëll och mol hei fueren, mee et gëtt bestëmmt och aner 24-Stonne-Coursse wéi zu Daytona oder zu Spa, déi hie wëllt fueren. Mir sinn all hei fir eist Bescht ze maachen, mee dat Wichtegst ass fir eis, eis Klass ze gewannen.”
Nächste Weekend ass den Dylan Pereira, am Kader vum Formel-1-Grand-Prix a Japan, zu Suzuka am Asaz, wou hien am Porsche Carrera Cup Japan wäert untrieden. Dëst ass eng Primm fir de Gewënn vum Porsche Carrera Cup Asien d’lescht Joer.