De Mindestloun geet ëm 6,3% an d'Luucht, dat opgrond vun den och esou scho geplangten Adaptatiounen duerch den Index an de Re-Ajustement. Eng strukturell Erhéijung esou wéi d'Gewerkschaften et nach gefuerdert hunn, gëtt et also net. Dës Annonce vun der Regierung ass de Gewerkschafte sauer opgestouss: Ënnert anerem doriwwer goung et e Samschdeg an eiser Emissioun Background am Gespréich. Invité war den CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz.
E Samschdeg war den Aarbechtsminister Marc Spautz eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
D'Fuerderunge vun de Sozialpartner louchen diametral auserneen: D'Patrone wollte keng Erhéijung vum Mindestloun, d'Gewerkschaften hunn 11% gefrot. D'Regierung huet eng Hausse vu 6,3% festgehalen, een Taux, deen duerch déi automatesch Adaptatiounen zustane komm ass. De Moment fir eng strukturell Hausse wier net dee richtegen, esou de Marc Spautz:
"Zanter véier Wochen hu mer aner Schwieregkeeten hei am Land, mir haten och scho virdrun ekonomescher, wou mer net wësse wou dat higeet, mir wëssen, dass et an der Ekonomie Schwieregkeete gëtt, an ech verheemlechen Iech et jo net, an Dir hutt et jo selwer och an Äre Reportagë gehat, wou d'Patronat och ënnersträicht, virun allem déi, wou ganz vill Leit um Mindestloun schaffen, dass et fir si ganz schwiereg ass, fir iwwert d'Ronnen ze kommen."
Et géif een awer Obligatiounen aus der EU-Direktiv, wéi déi datt de Mindestloun 60% vum Median-Salaire soll sinn, an d'Gesetz androe loossen. Am allgemenge wier et schwiereg, am Geescht vum Sozialdialog den Ament mat alle Partner konstruktiv u Léisungen ze schaffen:
"Ech hunn déi lescht 105 Deeg vill probéiert, fir déi zwou Säiten zesummen un en Dësch ze kréien. Ech hat och geduecht, dat géif mer bis Ouschtere geléngen. Dat hat ech eng Kéier am Januar op Ärer Antenn gesot. Mee dat ass mer net gelongen. An dann ass et och schwiereg, ëmmer, entschëllegt fir den Ausdrock, hin an hier ze sprangen, fir d'éischt deem engen nozelauschteren, fir dann deem aneren nozelauschteren."
Op d'Verhale vun de Gewerkschaften ugeschwat, gëtt de Marc Spautz ze bedenken, datt déi reegelméisseg Bréiwer, déi d'Gewerkschaften un de Premier adresséiert hunn, dem Sozial-Dialog net géifen entgéintkommen:
"Mee et ass awer elo an Tëschenzäit awer bal all Mount, fir net ze soen all Woch, e Bréif deen un de Premierminister geet. Ech fannen et scho komesch an ech hätt et perséinlech léiwer, wann een dat géif un den zoustännege Minister schécken an och géif probéieren, zesumme mam zoustännege Minister a mat deem anere Partner, dee mer awer an engem Sozialdialog och hunn, wa mer zu dräi sinn, dass een dat géif zesummen diskutéieren."
Ee Sozialdialog, dee gutt funktionéiert, wier wichteg, well vill Dossieren ustéingen. Esou zum Beispill d'Aarbechtszäit Organisatioun, wou de Minister nach virun der Summervakanz eng Consultatiounsdebatt plangt.
De Marc Spautz géing sech iwwerdeems hannert d'Regierung stellen, et wier keng reng Patronsfrëndlech Koalitioun: Ma och hien hätt seng Prinzippien:
"Wann do eng Kéier esou Saache sollte geschéien, mat deenen ech mech net kéint identifizéieren, da géif ech héchstwarscheinlech meng Konsequenzen huelen."
De Marc Spautz kuckt dann och mat Zouversiicht fir seng Partei an déi nächst Walen: D'CSV wier mat ville kompetente Leit gutt opgestallt.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.