Fir déi zweete Course an der Saison gouf et fir eng éischte Kéier iwwerhaapt op Goiania a Brasilien.
De Marco Bezzecchi huet d’Course vun der 1. Ronn un dominéiert a gewënnt domat seng 2. Course an dëser Saison. Hien iwwerhëlt domat och d’Féierung an der WM. Saison iwwergräifend ass et seng 4. Victoire noeneen. Op d’Plaze zwee an dräi fueren de Jorge Martin an de Fabio Di Giannantonio.
Nodeems de Weltmeeschter Marc Marquez de Schwaarz-Wäiss-karéierte Fändel an der 1. Course zu Buriram an Thailand net gesinn huet, ass et a Brasilien fir den Ducati-Pilot besser gelaf. Um Enn klasséiert de Spuenier sech op der 4. Plaz, a verpasst de Podium em knapps 4 Honnertstel. 4 Ronne viru Schluss louch de Marquez nach op der drëtter Plaz, huet des awer no engem Rutscher nees verluer. Säi Brudder Alex Marquez fiert op déi 6. Plaz mat iwwer 8 Sekonne Retard op de Bezzecchi.
Déi nächste Course gëtt den 29. Mäerz an den USA gefuer.
An der Moto2 hu sech op deene leschte Ronnen de Daniel Holgado an den Daniel Munoz e Kapp u Kapp Kampf geliwwert. Mol war deen een, dann nees deen aneren a Féierung. No engem klenge Fuerfeeler huet den Daniel Munoz um Enn d’Victoire aus der Hand ginn, sou dass de Spuenier hannert dem Daniel Holgado iwwert de wäisse Stréch fiert. Déi drëtte Plaz ass fir de Manuel Gonzalez.
D’Victoire an der Moto3 geet un de Maximo Quiles, deen och elo neie Leader am WM-Generalklassement ass. Mat um Podium stinn den Adrian Fernandez an de Valentin Perrone.
1. Marco Bezzecchi (Aprilia Racing) 30:19.760
2. Jorge Martin (Aprilia Racing) +3.231
3. Fabio Di Giannantonio (Pertamina Racing) +3.780
1. Daniel Holgado (Inde Aspar Team) 35:46.382
2. Daniel Munoz (Italtrans Racing Team) +1.226
3. Manuel Gonzalez (Liqui Moly +3.916
1. Maximo Quiles (Gaciota Aspar Team) 20:28.535
2. Adrian Fernandez (Leopard Racing) +4.133
3. Valentin Perrone (Rad Bull KTM Tech 3) +4.315
1. Marco Bezzecchi 56
2. Jorge Martin 45
3. Pedro Acosta 42
1. Daniel Holgado 33
2. Manuel Gonzalez 28.5
3. Daniel Munoz 24
1. Maximo Quiles 45
2. Marco Morelli 28
3. Veda Pratama 27