Alex Marquez gewënnt a Malaysia, uergt Accident an der Moto3
© AFP
De MotoGP-Vizeweltmeeschter Alex Marquez huet de Grousse Präis vu Malaysia zu Sepang gewonnen.
Fir de Spuenier war et déi drëtt Victoire an der MotoGP dës Saison. De Pedro Acost koum op senger KTM op Plaz 2, iwwerdeen den Honda-Pilot Joan Mir drëtte ginn ass. Hie profitéiert dovunner, dass de Francesco Bagnaia (Ducati) kuerz viru Schluss wéinst engem futtisse Pneu ausgefall ass. De Marc Marquez, deen de WM-Titel am General scho sécher huet, war a Malaysia net matgefuer a och wäert fir de Rescht vun der Saison wéinst senger Blessure un der Schëller net méi un den Depart goen.
An der Moto2 huet sech den Jake Dixon mat enger staarker Leeschtung déi éischt Plaz an der Course geholl. De Rescht vum Podium gouf vum David Alonso (+2,035 Sekonnen) an dem Barry Baltus (+2,745) komplettéiert. E batteren Dag war et dogéint fir de Manuel Gonzalez, deen duerch seng Chute d'Féierung am WM-Klassement elo un den Diogo Moreira verluer huet.
Horrorcrash an der Moto3
An der Moto3 gouf et virun der Course e schrecklechen Accident tëscht dem Jose Rueda an dem Noah Dettwiler. Eng 13 Minutte virum Depart sinn d'Piloten nach emol en Tour iwwert d'Streck gefuer, eng sougenannte "Sichtungsronn". De Schwäizer Noah Dettwiler ass lues iwwert de Circuit gefuer, an et huet dono ausgesinn, dass e préiwe wollt, ob u senger Maschinn alles funktionéiert. De Jose Antonio Rueda fir säin Deel ass awer mat ganz héijer Vitess gefuer, huet den Dettwiler wuel net gesinn an ass him ongebremst vun hannen an d'Motorrad gerannt. Den Dettwiler gouf vu senger Maschinn geschleidert an et huet ausgesinn, wéi wann e vu sech gewiescht wier. Béid Piloten goufe mam Rettungshelikopter an d'Spidol bruecht.
Beim Jose Antonio Rueda gouf et mëttlerweil Entwarnung. Hien huet sech eventuell d'Hand gebrach, ma soss wiere wuel net weider schwéier blesséiert ze sinn.
Genee Informatiounen iwwert de Gesondheetszoustand vum Noah Dettwiler ginn et aktuell nach net vill. Säi Papp soll der schwäizerescher Zeitung "Blick" gesot hunn, hien hätt e "puer Häerzstëllstänn" gehat a "vill Blutt verluer", wier awer "virleefeg a stabillem Zoustand". Fir vun enger Entwarnung ze schwätze, wier et awer aktuell nach ze fréi. Seng Ekipp huet an engem éischte Schreiwes gesot, hie géif elo eng Rei Operatioune brauchen, ma hie wier a gudden Hänn an "e Kämpfer".
An der Course konnt sech duerno den Taiyo Furusato virum Angel Piqueras an dem Adrian Fernandez duerchsetzen.
D'Resultater vu Malaysia
MotoGP
1.Alex Marquez 40:09.249
2. Pedro Acosta +2.676
3. Joan Mir +8.048
4. Franco Morbidelli +8.580
5. Fabio Quartararo +11.556
6. Fabio Di Giannantionio +13.060
7. Enea Bastianini +15.299
8. Luca Marini +18.738
9. Brad Binder +18.932
10. Ai Ogura +19.256
Moto2
1.Jake Dixon 23:05,269
2. David Alonso +2,035
3. Barry Baltus +2,745
4. Daniel Holgado +4,358
5. Diogo Moreira +5,672
6. Albert Arenas +6,699
7. Daniel Munoz +7,699
8. Alex Escrig +7,704
9. Collin Veijer +10,070
10. Tony Arbolino +11,726
Moto3
1.Taiyo Furusato 22:03.888
2. Angel Piqueras +2.259
3. Adrian Fernandez +2.625
4. David Almansa +4.167
5. Ryusei Yamanaka +4.338
6. Alvaro Carpe +4.429
7. Maximo Quiles +4.496
8. Scott Ogden +4.678
9. Brian Uriarte +4.729
10. Valentin Perrone +6.309
WM-Klassement
MotoGP
1.Marc Marquez 545
2. Alex Marquez 413
3. Marco Bezzecchi 291
4. Francesco Bagnaia 286
5. Pedro Acosta 260
6. Franco Morbidelli 227
7. Fabio Di Giannantonio 226
8. Fermin Aldeguer 186
9. Fabio Quartararo 182
10. Raul Fernandez 146
Moto2
1.Diogo Moreira 256
2. Manuel Gonzalez 247
3. Barry Baltus 221
4. Jake Dixon 215
5. Aron Canet 213
6. Daniel Holgado 179
7. Celestino Vietti 146
8. David Alonso 137
9. Albert Arenas 137
10. Senna Agius 133
Moto3
1.José Rueda 365
2. Angel Piqueras 251
3. Maximo Quiles 237
4. David Munoz 197
5. Joel Kelso 183
6. Alvaro Carpe 183
7. Adrian Fernandez 163
8. Taiyo Furusato 140
9. Ryusei Yamanaka 134
10. Valentin Perrone 127