Bob Bertemes a Karin Schank nei Lëtzebuerger Championen
© AFP
E Sonndeg war zu Frankfurt de Marathon duerch d'Stad, bei deem ënner anerem déi nei Lëtzebuerger Championnen decidéiert goufen.
De Bob Bertemes ass um Sonndeg säin éischte Marathon zu Frankfurt gelaf. Och wann d’Bedingungen zu Frankfurt wäit ewech vun ideal waren, vill Loft, an naassen Ënnergrond, huet de Lëtzebuerger Athleet eng gutt Leeschtung gewisen. Mat enger ugestriefter Zäit vun 2:25.00 Stonnen, wollt hien en ambitiéisen éischte Marathon lafen. Ma och wann hien dat net ganz erreecht huet, konnt hien an 2:28:48 Lëtzebuerger Landesmeeschter bei den Häre ginn.
Bei den Dammen huet d'Karin Schank den Titel eng weider Kéier gewonnen. Si war déi eenzeg Lëtzebuergerin, déi gewäert gouf, an huet mat enger Zäit vun 2:59:41 den Titel verdeedegt.
Topp 10 am Lëtzebuerger Championnat
1 Bob Bertemes LUX 8143 02:28:48 +00:00
2 Moris Brust LUX 11062 02:36:29 +07:41
3 Luc Scheller LUX 8344 02:36:31 +07:43
4 Sammy Schu LUX 11432 02:38:16 +09:28
5 Eric Gonderinger LUX 10988 02:40:13 +11:25
6 Jack Elliot Levent LUX 4448 02:42:13 +13:25
7 Paulo Santos LUX 11014 02:49:52 +21:04
8 Laurent Mei LUX 12466 02:50:50 +22:02
9 Jody Kalmes LUX 7046 02:54:31 +25:43
10 Tom Winbomont LUX 9851 02:57:32 +28:44
Ethiopesch Leefer dominéieren
Beim Frankfurt Marathon 2025 huet de Belay Asfaw aus Ethiopien bei den Häre gewonnen a koum no 2:06:16 Stonnen an der Frankfurter Festhalle un. Bei de Frae war d'Buze Diriba, och aus Ethiopien, mat 2:19:34 Stonnen déi Séierst.