Ufank vum Joer hat de Fernandez nach missen ëm seng Zukunft an der MotoGP fäerten, elo stoung hie fir d'éischte Kéier ganz uewen um Podium.

E Sonndeg de Moie fréi Lëtzebuerger Zäit huet de Raul Fernandez beim Grousse Präis vun Australien seng éischt Victoire an der MotoGP gefeiert. De Spuenier hat fréi an der Course d'Féierung iwwerholl an ass duerno enger souveräner Victoire op Phillip Island entgéintgefuer. De Fabio Di Giannantonio ass op déi zweete Plaz gefuer an de Marco Bezzecchi huet de Podium komplettéiert.

Den neie Weltmeeschter Marc Marquez war net um Depart. De Spuenier, dee sech Enn September beim GP zu Motegi a Japan den Titel fréizäiteg geséchert hat, hat sech Ufank Oktober bei enger Chute an Indonesien un der Schëller blesséiert a fält weider aus.

An der Moto2 huet den Australier Senna Agius no enger staarker Leeschtung souverän de Grousse Präis vun Australien gewonnen. Hannert dem Gewënner war et richteg spannend ëm déi weider Podiumsplazen. Um Enn huet sech den David Alonso Plaz zwee geséchert an den Diogo Moreira ass den Drëtte ginn. De WM-Leader Manuel Gonzalez ass net iwwer déi siwent Plaz erauskomm. Fir den Aron Carnet war et just déi néngte Plaz.

De Kampf ëm d'Moto2-Weltmeeschterschaft spëtzt sech domadder weider zou. De Gonzalez huet elo nëmmen nach zwee Punkten Avance op de Moreira. De Canet huet e Retard vu 35 Punkten. Dräi Coursse bleiwen nach ze fueren.

An der Moto3 huet de frëschgebakene Moto3-Weltmeeschter Jose Antonio Rueda och op Phillip Island net nogelooss a seng 10. Victoire an dëser Saison gefeiert. Dat hunn an der klengster WM-Klass nëmmen de Fausto Gresini, de Valentino Rossi, de Marc Marquez, de Joan Mir an den David Alonso gepackt. Nëmmen de Lokalmatador Joel Kelso konnt e Sonndeg mam Weltmeeschter mathalen, ma huet sech um Enn awer misse mat der zweeter Plaz zefridde ginn. An engem spannende Kampf ëm déi drëtte Plaz huet sech den Alvaro Carpe virum Joel Esteban an dem Maximo Quiles behaapt.

Um RTL Play fannt Dir d'Coursse vun der MotoGP, der Moto2 an der Moto3 fir eng begrenzt Zäit am Replay.

D'Resultater vun de Courssen

MotoGP

1 R. Fernandez Trackhouse MotoGP Team 39:49.571
2 F. Di Giannantonio Pertamina Enduro VR46 Racing Team +1.418
3 M. Bezzecchi Aprilia Racing +2.410
4 A. Marquez BK8 Gresini Racing MotoGP +3.715
5 P. Acosta Red Bull KTM Factory Racing +7.930

Moto2

1 S. Agius LIQUI MOLY Dynavolt Intact GP 35:00.085
2 D. Alonso CFMOTO Power Electronics Aspar Team +3.684
3 D. Moreira Italtrans Racing Team +3.721
4 D. Holgado CFMOTO Power Electronics Aspar Team +4.440
5 J. Dixon ELF Marc VDS Racing Team +4.451

Moto3

1 J. Rueda Red Bull KTM Ajo 33:39.062
2 J. Kelso LEVELUP-MTA +0.829
3 A. Carpe Red Bull KTM Ajo +12.638
4 J. Esteban CFMOTO Gaviota Aspar Team +12.696
5 M. Quiles CFMOTO Gaviota Aspar Team +12.773

De General

MotoGP

1 M. Marquez Ducati Lenovo Team 545
2 A. Marquez BK8 Gresini Racing MotoGP 379
3 M. Bezzecchi Aprilia Racing 282

Moto2

1 M. Gonzalez LIQUI MOLY Dynavolt Intact GP 247
2 D. Moreira Italtrans Racing Team 245
3 A. Canet Fantic Racing 212

Moto3

1 J. Rueda Red Bull KTM Ajo 365
2 A. Piqueras FRINSA - MT Helmets - MSI 231
3 M. Quiles CFMOTO Gaviota Aspar Team 228