Rallylegend San MarinoBei der 20. Editioun war och e Lëtzebuerger Equipage mat um Depart

Andy Brücker
D'Rallylegend San Marino ass Joer fir Joer en Highlight fir all d'Rallye-Fans, bei där déi spektakuläersten Autoen aus de leschte Joerzéngten ze gesi sinn.

Hei sinn net just wonnerschéi Rallye-Autoen aus der Vergaangenheet an der Géigewaart um Depart, ma och Rallye-Legenden, déi eigentlech schonn an der Pensioun sinn, loosse sech et net huelen, fir hei mat engem spektakulären Auto fir Show ze suergen.

Hei kann een Autoe wéi Lancia Delta Integrale 16V, Audi Quattro, Subaru Impreza 555, Ford Sierra Cosworth, al an aktuell WRC-Modeller, oder och nach Autoen aus der Kategorie S1600 oder Kitcar am Asaz bewonneren.

Sou war z.B. och de Finn Jari-Matti Latvala an der Kategorie “Classic” am Asaz op engem Toyota Celica GT-4 (ST165)... eng Kategorie, déi hien dann och gewonnen huet.

Nieft de Kategorien Classic, WRC, Historic oder Heritage, gëtt et awer och d’Kategorie “Star”.

Hei gouf vum 13. bis 16. Oktober net op Zäit gefuer, ma et geet drëm d’Zuschauer mat spektakulären Autoen a Fuerweis ze begeeschteren. Ënnert anerem ass den neie Rallye-Weltmeeschter Kalle Rovanperä op engem Toyota Celica Turbo 4WD ugetrueden, e Marku Alén oder Miki Biason op Lancia 037 Rally, en Jimmy McRae op Subaru Impreza pder z.B. nach de Oer Gzbbar Andersson op engem Audi S1 EKSRX.

An där Startlëscht ass am ënneschten Deel dann awer och de Lëtzebuerger Fändel opgedaucht. Den Thierry Schloesser hat sech zesumme mat sengem Copilot David Bauer hei ugemellt, dat op sengem Ford Escort MKII.

Si waren hei a gudder Gesellschaft, well och e Paolo Diana um Fiat 131 ass hei op Show gefuer. Et ass wuel ee vun de beléifste Pilote bei dësem Event zu San Marino.

Fir den Equipage Schloesser/Bauer war dësen Asaz mat groussem Opwand verbonnen. Scho méindes den 10. Oktober ass et vu Lëtzebuerg aus a Richtung San Marino gaangen, fir donneschdes eng éischte Kéier mam Escort an den Asaz ze kommen, éier et sonndes mat enger spektakulärer Show eriwwer war. Net manner wéi 2.300 Kilometer Aller-Retour stoungen herno um Tacho vun der Service-Camionnette.

Et geet an där Klass wéi gesot net drëm Beschtzäiten ze fueren, ma d’Zuschauer sollen animéiert ginn. Dat geet natierlech och op Käschte vun de Pneue bei sou engem Hecktriebler wéi dem Escort. Net manner wéi 12 Pneue sinn dropgaange bei de Show-Drifts vum Thierry Schloesser. Wann ee weess, dass esou ee Pneu iwwer 300 Euro kascht, da weess een, dass dat ganzt och finanziell e groussen Effort verlaangt. Domat awer net genuch... well och d’Startgeld ass mat 2.300 Euro alles anescht wéi geschenkt. Ma wann een d’Begeeschterung vun den Zuschauer laanscht d’Specialle gesäit an erlieft, dierft dat dach e bëssen dofir entschiedegen.

Wee mam Thierry Schloesser oder David Bauer iwwert hir Aventure bei de Rallylegends schwätze wëll, kann dat maachen de Weekend vum 29./30. Oktober um Auto Jumble an der Luxexpo um Kierchbierg. Hei si si mat engem Stand vertrueden.

Den nächsten Asaz op engem Rallye ass fir Ufank Dezember geplangt, dat beim Rallye Super Devoluy en France, wou et dann op Schnéi wäert op Zäitejuegd goen.

Back to Top
CIM LOGO