Porsche Supercup zu BarcelonaChester Kieffer packt et nees op de Rookie-Podium

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg ass zu Barcelona déi zweet Manche vum Porsche Supercup gefuer ginn.
© Porsche Supercup

Eng weider gutt Performance huet den Chester Kieffer (Schumacher CLRT) e Sonndeg zu Barcelona bei sengem zweeten Asaz am Porsche Supercup gewisen. De Lëtzebuerger war no enger net optimaler Qualifikatioun als 15. an d'Course gaangen a konnt sech um Enn als gudden 8. an zweetbeschte Rookie klasséieren. Domadder huet de Kieffer et och bei der zweeter Manche gepackt, fir op de Rookie-Podium ze fueren.

D'Victoire zu Barcelona war fir de Flynt Schuring (Schumacher CLRT). Fir den Hollänner, deen als 5. an d'Course gaange war, ass et déi éischt Victoire am Porsche Supercup. De Podium komplettéiert hunn de Rookie Paul Cauhaupe (Martinet by Almeras) an den Theo Oeverhaus (Martinet by Almeras).

Den Theo Oeverhaus bleift de Leader am General. Am Rookie-Klassement läit den Chester Kieffer op Plaz 2, eelef Punkte hannert dem Italieener Andrea Bristot, deen um Sonndeg den 11. ginn ass.

Um RTL Play kënnt Dir d'Course siwen Deeg laang am Replay kucken.

De Resumé vun der Course

Et war ee méi aggressive Start zu Barcelona vun de Porsche-Supercup-Pilote wéi dat nach zu Monaco de Fall war. Profitéiere konnt vun de villen Dueller de Lëtzebuerger Chester Kieffer am Auto vu Schumacher CLRT, dee sech an der éischter Ronn direkt vu senger 15. Startplatz op déi 9. Plaz no vir schaffe konnt.

All ze laang gouf awer am Ufank keng Course gefuer. Schonn am éischten Tour gouf et direkt e puer Accrochagen, Accidenter an ee laange giele Fändel. Net méi weider maache konnt de fréiere Formel-1-Weltmeeschter Jacques Villeneuve, dee keng Chance méi hat, säin Accident ze evitéieren.

Nom Re-start konnt den Chester Kieffer direkt nach eng Plaz gutt maachen an de Jaap van Lagen iwwerhuelen. De Lëtzebuerger war elo op der 8. Plaz ënnerwee. An der 11. Ronn konnt dem Chester Kieffer säin Teamkolleeg Flynt Schuring d'Spëtzt vun der Course iwwerhuelen, dat mat engem flotte Manöver géint de Keagen Masters. Um Enn sollt hien d'Course och gewannen.

Fir den Chester Kieffer ass et bei der 8. Plaz am General an der 2. Plaz am Rookie-Klassement bliwwen.

Den Andrea Bristot war zu Barcelona déi ganzen Zäit hannert dem Chester Kieffer op der 11. Plaz ënnerwee, sou datt de Lëtzebuerger an der Rookie-Wäertung zu Barcelona e puer Punkte gutt maache kann an elo just nach 11 Punkten hannert dem Italieener läit.

Déi nächst Manche vum Porsche Supercup gëtt am Kader vum Grousse Präis vun Éisträich an der Formel 1 gefuer. D'Course kënnt Dir nees live op RTL ZWEE an RTL Play kucken.

© Porsch Supercup 2026

Back to Top
CIM LOGO