Neien Auto an nei Pilote fir d'NLS48 Losch Motorsport wëll um Nürburgring ganz vir mat bäi fueren

Andy Brücker
Jacques Joseph
Mat Dylan Pereira, Tobias Müller a Patrick Assenheimer start een op engem fuschneie Porsche 911 GT3 R Evo.

E Mëttwoch de Mëtteg huet d’Team 48 LOSCH Motorsport by BLACK FALCON op eng Pressekonferenz an de Porsche Zenter op de Rouscht invitéiert.

48 Losch Motorsport attackéiert mat neiem Auto an neie Piloten an der NLS
Mat engem fuschneie Porsche 911 GT3 R Evo fueren den Dylan Pereira, den Tobias Müller an de Patrick Assenheimer des Saison um Nürburgring.

Zwou Saisone war dat Lëtzebuerger Team elo an der Nürburgring Langstrecken Serie NLS op engem Porsche 911 993 GT3 Cup am Asaz, an dat nawell mat vill Succès. Direkt am éischte Joer konnt een d’Porsche Endurance Trophy Nürburging (PETN) gewannen, grad ewéi d'12-Stonne vum 992 Endurance Cup zu Spa Francorchamps. 2025 wollt een un déi Succèsen uknäppen. An der PETN huet d’Konkurrenz awer net geschlof, an et gouf virun allem bei de Piloten deels op professionell Piloten zeréckgegraff.

Thierry Beffort (CEO Losch) a Fred Wantzenrieder (Teammanager 48 Losch Motorsport)
© Ketty a Rom Hankes

Et konnt ee wärend der Saison 6 mol op Plaz 2 fueren an 2 mol gewannen, wat um Enn Plaz 2 an der PETN bedeit huet. Ëmsou méi Grond ze feiere gouf et dunn awer bei der 24-Stonne-Course um Nürburgring. Hei konnt ee sech d’Victoire an der CUP-Klass sécheren an am Generalklassement war et Plaz 11. Den Titel am 992 Endurance Cup zu Spa Francorchamps konnt een och verdeedegen.

Nei Saison - nei Erausfuerderungen

Fir d’Saison 2026 geet een elo den nächste Schratt. Um Mëttwoch de Mëtteg gouf den neie Projet virgestallt... an deen huet et a sech. De Fred Wantzenrieder, Teammanager vun 48 LOSCH Motorsport huet zesumme mam Thierry Beffort (CEO vu Losch) mat vill Houfert dat neit Asazgefier presentéiert. Ënnerstëtzt goufe si vum Christoph Henkel, senges Zeechens neie Patron bei Black Falcon.

48 Losch Motorsport - Revelatioun vum neie Porsche 911 GT3 R Evo
Den Thierry Beffort (CEO Losch) an de Christoph Henkel (Black Falcon) hunn der Press den neien Auto eng éischte Kéier gewisen.

Et handelt sech ëm de fuschneie Porsche 911 GT3 R Evo, ee vun den éischte neie GT3 R Evo, déi ausgeliwwert goufen. Mat deem Auto ass een elo an der Kinneksklass um Nürburgring ënnerwee a muss sech do mat de beschte GT3-Pilote vun der Welt moossen.

Op den éischte Bléck kéint ee mengen, et wiere just e puer optesch Elementer, déi de GT3 R vum Cup-Auto ënnerscheeden, ma d’Differenze sinn enorm, wéi och de Christoph Henkel erkläert huet. Den Auto huet vill méi Aerodynamik, wouduerch en zwar op der Riichter méi lues ass wéi e CUP-Auto, dofir awer an de Kéiere méi séier. Dobäi kënnt zum Beispill nach en héich komplext Fuerwierk an Achs-Konstruktioun, wou ee wierklech alles kann drun astellen. Dat heescht, et muss ee vill méi Setup-Aarbecht un dësem Auto leeschten, wou een un alle Stellschrauwen dréie kann. Rieds war vu “Milliounen Astellméiglechkeeten”.

Den neien Auto huet e 4,2 Liter Boxermotor mat 565 PS an domadder méi wéi d’CUP-Versioun, déi op 510 PS kënnt beim 4 Liter Sechszylinder-Boxer. E weit 1.265 kg an huet ënnert anerem Traktiounskontroll an ABS vu Bosch Motorsport.

© Ketty a Rom Hankes

Neie Pneuepartner “Goodyear”

Iwwerdeem een an der CUP-Kategorie mat Eenheetspneue vu Michelin gefuer ass, huet een elo mat Goodyear en neie Partner un der Säit, déi e komplett neie Pneu fir den 911 GT3 R Evo entwéckelt. D’Team 48 LOSCH Motorsport by BLACK FALCON huet elo d’Méiglechkeet aktiv un der Entwécklung vun de Rennpneuen deelzehuelen, wichtegen Input ze liwweren an déi optimal Gummimëschunge fir déi ënnerschiddlech Konditiounen erauszefueren. Dat bedeit allerdéngs och nach emol méi Drock, well et eben eng weider Inconnu ass.

Neie Piloten-Trio

War an der éischter Saison nach de Steve Jans als Lëtzebuerger Pilot um Auto, sou war et an der Saison 2025 de Carlos Rivas. Fir 2026 ass et da keen anere wéi den Dylan Pereira (28), dee fir dat Lëtzebuerger Team um Nürburgring wäert ëm Beschtzäite fueren. Den Dylan Pereira war schonn d’lescht Joer wärend der 24-Stonne-Course um Nürburgring mat vun der Partie, grad ewéi bei der 12-Stonne-Course zu Spa. Hie kennt d’Team deemno schonn a freet sech elo déi komplett Saison kënne fir 48 LOSCH Motorsport by BLACK FALCON kënnen unzetrieden. Wat den neien Auto ugeet, huet en drop higewisen, dass dee kierperlech och méi ustrengend ze fuere wier, an all d’Pilote misste sech op déi héich G-Kräfte preparéieren... Fitness wier wichteg. E freet sech dann och drop, zesumme mat Goodyear d’Pneue weiderzeentwéckelen.

© Ketty a Rom Hankes

Weider mat dobäi ass den Tobias Müller (28), dee vun Ufank u mat am Team war an zu de séierste Piloten um CUP-Auto gezielt huet, wat hien dann zejoert och mat dem Ronnerekord an där Kategorie bewisen huet. 8 Minutten 3 Sekonnen e 508 Dausendstel huet hie fir eng Ronn op der 24,358 Kilometer laanger Streck mam CUP-Porsche gebraucht. Op d’Fro, wat hie sech fir d’Saison 2026 erwaart, huet hien net laang gezéckt an de Streckerekord vun der Nordschleife an d’Viséier geholl. Dee läit aktuell bei 7min48,717, gefuer vum Fabio Scherer um HRT Ford Mustang GT3. Et wier en ambitiéist Zil, ma dat misst awer hiren Usproch sinn. Mat engem Auto aus der SP9-Kategorie ass ee ronn 15 Sekonne méi séier, wéi mat engem CUP-Auto. A wann ee vu sengem Streckerekord an der CUP-Kategorie 15 Sekonnen ofzitt, ass een an der Regioun vum Streckerekord an der héchster Klass.

Tobias Müller
© Ketty a Rom Hankes

Den Tobias Müller sot op Nofro hnn, dass hie sech beim Lëtzebuerger Team iwwregens immens wuel fillt. Et wier e gudde Mix aus “vill Laachen” an der néideger Disziplin. Op der Nordschleife ass fir hien de Beräich tëscht dem Karussell an der Döttinger Höhe säi Liblingsstreckenofschnëtt. Als schwieregst Plaz gesäit hien d’Bergwerk, well et hei sou wichteg wier d’Kéier optimal ze treffen, fir de volle Schwong mat op déi laang Montée ze Bierg erop ze huelen.

Ganz nei mat am Team ass dann de Patrick Assenheimer (33). Deen Numm ass keen Onbekannten an der GT3-Welt. Hien huet ënnert anerem Gesamt-Victoiren an der NLS a sengem Palmarès, e sëllege Podiumen an der ADAC GT Masters, respektiv an der GT World Challenge. E bréngt immens vill Erfarung mat. Zanter 2011 ass hien um Nürburgring ënnerwee. En huet schonn eng Partie GT3-Modeller dierfe fueren, wouduerch hie wichtegen Input liwwere kann. Hien ass an der ADAC GT Master op enger Corvette Z06.R GT3 gefuer, Corvette C7 GT3-R. Spéider ass en an de Blancpain GT Series, den ADAC GT Masters an an der VLN op engem Mercedes-AMG GT3 gefuer. 2024 war et dunn den Asaz op engem Aston Martin Vantage GT3 éier en 2025 um neie Ford Mustang GT3 seng Ronnen um Nürburgring gefuer ass. Erfarung op Porsche huet hie just am GT4-Auto, respektiv op Stroossenautoen, hie freet sech awer op d’Erausfuerderung mam fuschneien 911 GT3 R Evo.

Patrick Assenheimer
© Ketty a Rom Hankes

Eng Verbindung zum Grand-Duché huet de Patrick Assenheimer iwwregens nach net, wéi hie bei der Pressekonferenz zouginn huet. Hie war dëse Mëttwoch déi éischte Kéier iwwerhaapt zu Lëtzebuerg, freet sech awer drop d’Land an d’Leit besser kennenzeléieren.

Säin Zil fir d’Saison 2026 ass et ganz kloer fir Succès mat sengem neien Team an dem neien Auto ze hunn. Et misst een dat bescht aus dem Auto eraushuelen, dat allerdéngs net mat der Briechstaang, ma kontrolléiert. Et misst een Ambitiounen hunn, wann een Erfolleg wëll hunn... soss kéint een och einfach doheem bleiwen.

Tobias Müller, Patrick Assenheimer an Dylan Pereira
© Ketty a Rom Hankes

Weider Zesummenaarbecht mat Black Falcon

Losch setzt dann och nees op d’Kollaboratioun mam däitsche Rennstall Black Falcon. Dës Firma huet 20 Joer Experienz fir esou Courseautoen ze preparéieren, an hat déi lescht Saison mat 5.300 Coursekilometer keen Ausfall ze bekloen. Si wëssen deemno wourop et ukënnt. Et konnt een déi lescht zwou Saisone scho schéi Succèse feieren, an dat soll och 2026 esou weidergoen. Éischt Testfaarten op Rennstrecken am Süde vun Europa stinn dann och schonn um Programm, fir den neien Auto beschtméiglech kennenzeléieren.

Saison 2026

Et huet ee wëlles bei 6 Leef vun der NLS ze starten, grad ewéi de 24-Stonne-Qualifiers an natierlech der 24-Stonne-Course um Nürburgring. Et fiert een an der ProAM-Wäertung an der Kategorie SP9.

14.03.2026 NLS1 (4h)
21.03.2026 NLS2 (4h)
18.-19.04.2026 ADAC 24h Nürburgring Qualifiers (2x 4h)

14.- 17.05.2026 ADAC 24h Nürburgring (24h)

20.06.2026 NLS6 (4h)
01.08.2026 NLS7 (6h)
12.-13.09.2026 NLS8+9 (2x 4h)

Den Optakt vun der Saison gestallt sech dann och scho liicht stresseg, well de Rendez-vous fir d’NLS2 gouf kuerzfristeg geréckelt, fir dass och de Max Verstappen tëscht senge Formel1-Asätz kann an der NLS fueren. Deemno leien elo tëscht der 1. an der 2. NLS-Course just 7 Deeg. Net vill Zäit fir d’Teams, fir sech hei optimal virzebereeden. E Sproch, deen dann och ëmmer nees am Fuererlager zirkuléiert, zanter gewosst ass, dass de Max Verstappen fiert ass “Dont crash Max”. Dat hätt een net wëlles, ma “annoy Max”, dat wier schonn eng Devise, mat där ee gutt liewe kéint, esou de Christoph Henkel vu Black Falcon.

D’Lëtzebuerger Frënn vum GT3-Sport kënne sech op eng spannend Saison 2026 freeën, an dat mol guer net sou wäit vum Grand-Duché ewech. Ronn annerhallef Stonn muss een aplange fir dohinner ze fueren.

PDF: 48 Losch Motorsport, Saison 2026 - Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO