D’Coursse waren um Autodrom Most, dem 4,2 Kilometer laange Circuit an der Tschechescher Republik.
Am fräien Training um Freiden goung et haaptsächlech ëm d’Reglage vum giele Chevrolet Camaro mat der Nummer 56, sou datt hei “nëmmen” eng 15. Plaz erauskoum. Am Final Practice dunn, wou de Gil säi V8-Bolid optimal am Grëff hat, ass dunn eng 4. Plaz erausgesprongen.
De Samschdeg huet ugefaange mam Qualifying, wou de Mann aus Fréiseng op déi 6. Plaz gefuer ass, vun där hien och den éischte Laf vum Weekend am Nomëtten ugaangen ass. De Gil huet e gudde Start higeluecht an huet sech déi ganz Course iwwer bei spannenden Zweekämpf ëmmer ënner deenen sechs éischte Plazen opgehalen. No engem Accident kuerz viru Schluss koum de Safety-Car eraus a beim Re-Start huet de Gil direkt nees eng Plaz gutt gemaach. An der leschter Ronn dun huet e Géigner virun him sech gedréint an de Gil huet missen an de Kräsi auswäichen, fir en Accident ze vermeiden. Domat huet hie leider eng Plaz agebéisst an ass trotzdeem als gudde 7. iwwer d’Arrivée gefuer.
Um Sonnden bei zweete Laf vum Weekend huet de Gil musse vill kämpfen, well säi Camaro Problemer mat de Bremsen hat. Vun der 4. Ronn un huet de Fréisenger virun all Kéier musse pompelen, fir datt d’Bremse gegraff hunn. “Wou ech de Rhythmus bis fond hat, ass et besser gaangen”, esou de Gil no der Course. An enger turbulenter Manche mat zwou Safety-Car-Phasen an engem fantastesche Restart huet de Gil de Chevrolet vum Caal Racing op der 4. Plaz iwwer d’Arrivée bruecht, en Top Resultat fir de Lëtzebuerger.
Déi nächste Course ass den 8.an 9. Oktober am belschen Zolder.