Nascar Whelen Euro SeriesGil Linster mat Héichten an Déiften zu Zolder

Jeannot Boesen
Vun der Pole, enger zweeter Plaz an der éischter Course an dem Out an der zweeter Course war fir de Lëtzebuerger zu Zolder alles dobäi.

Dass de Circuit am belschen Zolder dem Gil Linster läit, huet hien an der Nascar Whelen Euro Series schon e puer Mol bewisen. Nodeems de Fréisenger um Freiden an de Fräien Trainingen jeeweils den 3. an de 5. gouf, konnte seng Supporter sech schonn emol op e positive Weekend astellen. E Samschden am Qualifying huet de Gil dann nach een dropgesat andeems hie mat 1:44:121 Minutten d’Pole Position erausgefuer ass.

Wéi ass dat zustane komm? Ma de Gil Linster an de Caal Racing Team hu gepokert. Well d’Strooss nach e bësse fiicht war vum Reen aus der Nuecht, hunn d’Konkurrenten alleguer Reepneuen opgeluecht. De giele Chevrolet mat der Nummer 56 huet awer d’Slicks drop krut an de Lëtzebuerger huet déi éischt puer Tier musse Gedold hunn, a probéieren den Auto op der Strooss ze behalen. De Schachzuch huet sech ausbezuelt, well de Gil Linster huet bis déi lescht Ronn gekämpft a gouf um Enn verdéngt als Séiersten ofgewonk. An der 1. Course am spéide Smachdegnomëtteg huet de Gil Linster sech beim Start géint seng Konkurrenten duerchgesat an ass dräi Ronne laang vir bliwwen, bis en Accident eng Safety-Car-Phas ageleet huet. De Gil Linster huet an Tëschenzäit gemierkt, dass de Moteur vu sengem Camaro just nach op 7 Zylinder gelaf ass an huet beim Restart alles aus him erausgequëtscht. Leider huet hien duerch déi feelend Leeschtung op der laanger Ligne droite ee vu senge Verfolger musse laanscht loossen. Zwee Tier méi spéit gouf et nees en heftegen Accident an eng weider Kéier ass de Safety-Car erauskomm. D’Aarbechten, fir d’Streck propper ze kréien an d’Auto ofzeschleefen, hu sou laang gedauert, dass d’Course ënner “Full Course Yellow” fäerdeg gefuer gouf an de Gil Linster domat als Zweeten um Podium stoung. “Ech hun d’Safety-Car-Phasen net gären”, huet de Lëtzebuerger no der Course gesot, “mee an dësem Fall mam Problem vum Moteur war ech frou doriwwer”. Wann ee bei der Nascar an der selwechter Course op der Pole steet an och nach op d’mannst eng Lead-Lap dréint, da gëtt dat als nationale Status agedroen. Dat heescht duerch dësen Exploit steet Lëtzebuerg elo an den Anale vun der Nascar.

An der 2. Course e Sonnden sollt de Gil vun der 3. Plaz starten, mee d’Problemer mam Motor hunn dofir gesuergt, dass d’Techniker vill Zäit verbruecht hunn, de V8 nees un d’Lafen ze kréien. An der Nuecht konnte se nët schaffen, well Auerzäite festgesat sinn, wou een de Motor net duerf starten. Doduerch huet de Gil Linster mussen aus den Boxe fortfueren a mat der drëttschnellster Zäit vun der Course eng Ophueljuegd starten. Schlussendlech huet de V8 vum Camaro déi Strapazen net richteg matgemaach an ass an der 6. Ronn agaangen. Domat war dem Lëtzebuerger säi Weekend zu Zolder fréizäiteg fäerdeg. Trotzdeem bleift d’Freed iwwer déi éischt Pole an der Euro Nascar.

Den nächste Rendez-vous ass den 28.-30. Oktober zu Grobnik a Kroatien.

Back to Top
CIM LOGO