D'Course live dëse Samschdeg ëm 17:55 Auer op RTL ZWEE an RTL PlayPorsche Supercup Zandvoort

RTL Lëtzebuerg
Duebele Weekend fir d'Pilote vum Porsche Supercup. Zu Zandvoort ginn um Samschdegowend an um Sonndegmoien direkt zwou Manchë vum Supercup gefuer.

Virun der Summerpaus konnt den Chester Kieffer zu Budapest net nëmme säin zweete Supercup-Podium hannertenee feieren, mä de Schumacher-CLRT-Pilot huet domadder och d'Spëtzt am Rookie-Klassement iwwerholl. Elo steet mat Zandvoort en extreem wichtege Weekend um Programm. Net nëmmen, dass hei zwou Supercup-Coursse gefuer ginn, mä et ass och deen zweetleschte Weekend am Championnat. Vill 911-Pilote wäerten deemno motivéiert – iwwermotivéiert? - sinn, fir sech virun der grousser Finall zu Monza an eng gutt Positioun ze bréngen.

Suivéiert de PORSCHE MOBIL1 SUPERCUP ZANDVOORT  2026 mat Lëtzebuerger Commentaire live op RTL ZWEE an RTL PLAY.

Login, fir de Porsche Supercup am Stream op RTL PLAY ze kucken

Wéinst de méi strengen Anti-Piratage-Virschrëfte vun der Formel 1 sinn och d’Porsche-Supercup-Contenuen op RTL PLAY elo mat engem Login protegéiert. Wien d’Livestreamen an d’Highlights vun de Porsche-Supercup-Courssen op RTL PLAY kucke wëllt, muss sech mat sengem RTL-Benotzernumm an -Passwuert aloggen. Och an Zukunft brauch een awer wuelverstanen näischt fir de Porsche Supercup op RTL PLAY ze bezuelen.

Programm

Course 1, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Samschdeg, 22. August 2026:
Ufank vun der Emissioun: 17:55
Depart vun der Course: 18:00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 18:45
Commentaire: Tom Nols

Course 2, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Sonndeg, 23. August 2026:
Ufank vun der Emissioun: 11:40
Depart vun der Course: 11:45
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 12:30
Commentaire: Tom Nols

Saison-Kalenner 2026

Back to Top
CIM LOGO