Rallye Dakar: 13. EtappSchlussvictoire geet un den Nasser Al-Attiyah

Jeff Birsens
De Katarer huet d'Rallye Dakar fir déi sechst Kéier a senger Karriär gewonnen a senger Ekipp Dacia déi éischt Schlussvictoire geséchert.
TOPSHOT - The Dacia Sandriders' Qatari driver Nasser al-Attiyah celebrates after winning the 48th edition of the Dakar Rally 2026 in Yanbu, Saudi Arabia, on January 17, 2026.
© AFP

E Samschdeg huet sech den Nasser Al-Attiyah déi sechst Schlussvictoire bei der Rallye Dakar geséchert. Op der leschter Etapp, op där et nach eemol iwwer 141 Kilometer ronderëm Yanbu gaangen ass, war den Dacia-Pilot mat engem komfortabele Virsprong vu 16:02 Minutten am General an d’Course gestart. Well dëse seng Féierung sécher op d’Arrivée brénge wollt, huet den zweeten am General, den Nani Roma, de Réckstand ëmmer weider méi kleng gemaach. Dat huet den Al-Attiyah awer mat Zäite gemierkt an huet am leschten Deel vun der Streck nach eemol ugezunn a sech d’Victoire net méi aus den Hänn rappe gelooss.

Déi lescht Etapp gewonnen huet de Mattias Ekström, dat 8 Sekonne virum Sébatian Loeb an 13 Sekonne virum Hank Lategan. Am General kënnt hannert dem Nasser Al-Attiyah den Nani Roma mat engem Ecart vun 9:42 Minutten an de Mattias Ekström mat engem Ecart vu 14:33 Minutten.

D’Resultat vum Lëtzebuerger Pilot Charles Munster ass aktuell nach net bekannt.

Gewënner-Zeremonie vun der Rallye Dakar 2026
E Samschdeg ass an der Rallye Dakar déi lescht Etapp gefuer ginn.

Back to Top
CIM LOGO