Europäesche GeriichtshaffBanke kënnen Affer vu Phishing Suen zeréckfroen, net ëmgedréint

François Aulner
D'Urteel vum europäesche Geriichtshaff geet op eng Klo vun enger Cliente vun enger polnescher Bank, déi Affer vu Phishing gouf.
© AFP

Et gouf en interessant Urteel vum europäesche Geriichtshaff am Zesummenhang mat de sougenannte Lux-Trust-Bedruchsfäll. Esouguer am Fall vun enger "graver Negligence" vu Säite vum Client wier eng Bank verflicht, dem Client de Montant vun enger Operatioun, déi net autoriséiert Suen zeréckzebezuelen. An enger zweeter Phas kéint d’Bank am Fall vun enger Perte Suen vum Client zeréckfroen.

D'Riichter hei um Kierchbierg dréinen also esou ze soen de Spiiss ëm.

Déi eenzeg Ausnam, déi et géing ginn, wier déi, wann den Déngschtleeschter vum Payement gutt Grënn hätt, fir eng Fraude vu Säite vum Client selwer ze verdächtegen.

D'Urteel vum europäesche Geriichtshaff geet zeréck op eng Klo vun enger Cliente vun enger polnescher Bank, déi Affer vu phishing gouf.

Heiheem hunn eng Rei Affer e puer Lëtzebuerger Banken um Zivilgeriicht ugesicht.

Back to Top
CIM LOGO