NBADe Champion Oklahoma City geet als Favorit an d'Playoffs

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg ass den Optakt vun den NBA Playoffs, de Champion Oklahoma City ass de Favorit. Et ginn allerdéngs vill weider Titelkandidaten.
D'Oklahoma City Thunders ginn als Favoritt an d'Playoffs.
D’Oklahoma City Thunders ginn als Favoritt an d’Playoffs.
© WILLIAM PURNELL/Getty Images via AFP

No 82 Matcher an der regulärer Saison an de “Play-in"-Matcher wäerte 16 Ekippen ëm de Championstitel an der stäerkster Basketballliga vun der Welt kämpfen. D’Oklahoma City Thunder ginn an der Western Conference als Éischten an d’Playoffs. Mat enger Bilanz vu 64 Victoiren an 18 Defaitë war “OKC” déi stäerksten Ekipp an der regulärer Saison. D’San Antonio Spurs mam franséische Superstar Victor Wembanyama wëllen e Wuert matschwätzen, genee esou wéi d’Denver Nuggets mam serbesche Superstar Nikola Jokić. De Weste gëtt insgesamt méi staark ageschat wéi den Oste mat villen Ekippen, déi Chancen hunn, fir wäit ze kommen.

Lebron James géint Kevin Durant

Direkt am éischten Tour kënnt et zum Duell vun zwee vun de gréisste Spiller aus de leschte Joren. D’Los Angeles Lakers mam 41-järege Lebron James an d’Houston Rockets mam Kevin Durant treffen openeen. D’Lakers hunn aktuell mat ville Verletzungen ze kämpfen a kéinten et trotz Heemvirdeel schwéier kréien, fir den éischten Tour ze packen.

An der Eastern Conference stinn d’Detroit Pistons op der éischter Plaz, de Wettquoten an Experten no si si awer net de Favorit. D’Boston Celtics sinn nom Retour vum Jayson Tatum mat Zäiten a Form an och de Cleveland Cavaliers an den New York Knicks gëtt zougetraut, an de Playoffs wäit ze kommen.

Wie spillt géinteneen? (Ranking a Klammeren)

Westen

(1) Oklahoma City Thunder - (8) Phoenix Suns oder Golden State Warriors

(4) Los Angeles Lakers - (5) Houston Rockets

(3) Denver Nuggets - (6) Minnesota Timberwolves

(2) San Antonio Spurs - (7) Portland Trail Blazers

D’Pheonix Suns kéinten an de Playoffs direkt nees op d’Oklahoma City Thunders treffen, wéi schonn den 12. Abrëll.
© WILLIAM PURNELL/Getty Images via AFP

Osten

(1) Detroit Pistons vs. (8) Orlando Magic oder Charlotte Hornets

(4) Cleveland Cavaliers vs. (5) Toronto Raptors

(3) New York Knicks - (6) Atlanta Hawks

(2) Boston Celtics - (7) Philadelphia 76ers

Wie gëtt zum MVP gewielt?

Individuell Auszeechnunge verdeelt d’NBA wéi gewinnt am Laf vun de Playoffs. Den Titel vum MVP (wäertvollste Spiller) gouf dës Saison kontrovers diskutéiert, dat virun allem well eng nei Reegel vun der Liga festgeluecht huet, dass e Spiller muss op d’mannst 65 Matcher gespillt hunn, fir kënnen e Kandidat ze sinn. De Luka Dončić (Los Angeles Lakers, 64 Matcher) an de Cade Cunningham (Detroit Pistons, 63 Matcher) goufen allerdéngs wéinst aussergewéinlechen Ëmstänn trotzdeem zur Wal zougelooss. De Slowen Dončić huet beispillsweis Matcher verpasst, well hie fir d’Gebuert vu senger Duechter a Slowenien gereest war. Favoritten op den MVP-Titel sinn de Shai Gilgeous-Alexander (Oklahoma City Thunder), Nikola Jokić (Denver Nuggets) an de Victor Wembanyama (San Antonio Spurs).

Back to Top
CIM LOGO