
En Donneschdeg spillt d'Basket-Hären-Nationalekipp den éischte vun hiren zwee leschte Matcher vun de Pre-Qualifiers fir d'EM. An der Coque geet et als éischt géint den Aserbaidschan. E Sonndeg heescht de Géigner dann Nord-Mazedonien. Et wäerten immens wichteg Matcher ginn, déi dës Woch fir d'FLBB-Hären um Programm stinn. Géint den Aserbaidschan hat een zejoert auswäerts mat 95-90 gewonnen. Et waart also ee Géigner op Aenhéicht.
Den Nationaltrainer Ken Dierderich: "Mir hate 95 Punkten a 14 Dräier geschoss. Et war eng Atmosphär, déi relativ schwéier war a bis zum Schluss hu mir de Match propper geréiert. Et war ee flotte Match, ech denken dat et hei 50/50 gëtt. Si hunn och nach Chancen an et misst ee spektakuläre Match gi fir d’Zuschauer."
3 Deeg drop waart da mat Nord-Mazedonien een nach méi schwierege Géigner. D'Nord-Mazedonier si mat 4 Victoiren Éischten am Grupp. Auswäerts war et géint si am Februar net gutt gelaf fir d'Lëtzebuerger, et hat ee sech musse mat 70-79 geschloe ginn.
Den Nationalspiller Ben Kovac: "Et ass eng Ekipp, déi vill méi erfueren ass wéi mir. Déi sinn op all Positioun zimmlech gutt besat. Ee gudden Amerikaner, dee se oft wiesselen, mir wëssen also net genau, wéi si spillen. Mir mussen einfach dat Bescht ginn, Match no Match an den éischte géint den Aserbaidschan huelen. Dono kucke mir, wat mir géint Nord-Mazedonien kënne maachen."
De Kader fir déi zwee Matcher huet sech dann och liicht verännert. Net mat dobäi ass zum Beispill den Namik Muratovic vu Bayern München.
Ken Diederich: "De Joe Kalmes huet d’Kräizband futti an den Olivier Vujakovic ass wéinst perséinleche Grënn net dobäi. Dann hu mir leider och nach d’Verletzung vum Namik Muratovic, eise grousse Center vu Bayern, dee Problemer mat den Adduktoren huet. An der Gréisst hu mir also e puer Problemer, par contre hu mir awer den Edson De Sousa dobäi vun der Fiels an den Dorian Grosber aus Amerika."
Wa just ee Match gewonne gëtt, muss gerechent ginn, ob et duer geet, fir an den nächsten Tour vun der Qualifikatioun ze kommen. Am Fall vun zwou Victoirë wier ee sécher een Tour weider. Dobäi hëllefe weider ze kommen, soll och de Public an der Coque.
Ben Kovac: "Ech mengen, zumools bei de FIBA-Matcher huet een e grousse Virdeel, wann een doheem spillt, dat wéinst dem Public an der Mass, déi matzitt. Mir wëssen, datt mir doheem ëmmer zimmlech gutt spillen, mee mir mussen 100% ginn a 40 Minutte laang perfekte Basket spillen, fir op deem Niveau wëllen eng Chance ze hunn."
Kucke kënnt Dir de Match vun de Lëtzebuerger en Donneschdeg den Owend vun 19 Auer un am Livestream op RTL.lu.