An der Coque um Kierchbierg huet Lëtzebuerg virun 2.000 Supporter 66:80 géint Nordmazedonien verluer. D'Rout Léiwen hate Schwieregkeeten, fir an d'Partie ze fannen, offensiv ass der Ekipp vum Nationaltrainer Ken Diederich net vill gegléckt an an der Paus louch Lëtzebuerg 27:46 hannen.
Am drëtte Véierel huet Lëtzebuerg eng Reaktioun gewisen an de Réckstand op 10 Punkte reduzéiert. Et sollt allerdéngs net méi duergoen, fir de Géigner nach emol staark ënner Drock ze setzen. Nordmazedonien hat ëmmer eng Äntwert, huet d'Kontroll behal a sech um Enn souverän duerchgesat.
De Ben Kovac konnt 17 Punkten fir d'Selektioun vun der FLBB markéieren, de Clancy Rugg koum op 14 Punkten an den Dorian Grosber huet 10 Punkte geworf. Insgesamt war d'Quot aus der Distanz (3/20 Dräier) ze schwaach, fir Nordmazedonien ze fuerderen.
An der Ofschlosstabell am Grupp A kënnt Lëtzebuerg op déi zweete Plaz, dat wéinst dem bessere Punkteverhältnis am direkte Verglach mat de punktgläiche Géigner Aserbaidjan an Irland. Well awer just de beschte Gruppenzweeten aus den insgesamt dräi Gruppen an den nächsten Tour kënnt, geet et fir d'Selektioun vun der FLBB um Enn net duer.
Lëtzebuerg - Irland 89:77
Aserbaidschan - Lëtzebuerg 90:95
Nordmazedonien - Lëtzebuerg 70:79
Irland - Lëtzebuerg 91:85
Lëtzebuerg - Aserbaidschan 74:76
Lëtzebuerg - Nordmazedonien 66:80

Nordmazedonien 5 Matcher / 10 Punkten
Lëtzebuerg 6 / 8
Irland 6 / 8
Aserbaidschan 6 / 8