Nationale BasketballSparta Bartreng zitt Dammenekipp zeréck

Tom Hoffmann
De Veräin hätt net méi genuch Spillerinnen am Kader, fir eng kompetitiv Ekipp an d'Championnat ze schécken. Et sollen nei Strukture geschaaft gi fir en Neiufank.
Am Februar haten déi Bartrenger Dammen nach d'Coupe gewonnen
© Roland Miny

D’Sparta Bartreng wäert an der Saison 2026/27 keng Dammenekipp am Championnat umellen. Dat huet de Veräin an engem Communiqué matgedeelt. D'Entscheedung wier d'Konsequenz vun enger Rei Departen, duerch déi de Club net méi genuch Spillerinne fir eng kompetitiv Ekipp zur Verfügung hätt.

Trotz dësem Schrëtt betount d'Sparta, datt de Veräin sech weider kloer fir den Dammebasket engagéiert. Déi nächst Saison soll genotzt ginn, fir d'Strukturen am Jugendberäich auszebauen, Spillerinnen auszebilden an d'Grondlagen ze schafe fir nees eng Dammenekipp op Been ze stellen.

Am Kader vun dëser Neiorientéierung gëtt och e Coach ernannt, dee sech exklusiv ëm d'Entwécklung këmmere soll. Zu senge Missioune gehéieren d'Fërderung vu jonken Talenter an d'Virbereedung vun enger zukünfteger kompetitiver Ekipp, déi nees an der nationaler Meeschterschaft matspille soll.

D'Sparta ënnersträicht, datt et sech ëm eng laangfristeg a strategesch Entscheedung handelt. Dës Decisioun kënnt just e puer Méint nodeems d'Sparta nach d'Coupe bei den Damme gewonnen hat.

Back to Top
CIM LOGO