An der Coque um Kierchbierg huet Lëtzebuerg virun 1.250 Supporter knapp mat 74:76 géint Aserbaidschan verluer.
D'Rout Léiwen hunn e puer Minutte gebraucht, fir hire Spillrhythmus ze fannen a louchen nom éischte Véierel 18:22 hannen. Am zweete Véierel konnt d'Ekipp vum Nationaltrainer Ken Diederich d'Partie dréinen an ass mat engem klenge Virsprong (42:39) an d'Paus gaangen.
Nom Säitewiessel ass d'Partie enk bliwwen, keng Ekipp konnt sech ofsetzen an d'Entscheedung sollt an de leschten Aktioune vum Match falen. 9 Sekonne viru Schluss hat Lëtzebuerg e Réckstand vun 3 Punkten, den Dorian Grosber konnt de Réckstand vun der Fräiworflinn op 1 Punkt verkierzen. Bei der leschter offensiver Aktioun vu Lëtzebuerg krut de Clancy Rugg een offensive Feeler gepaff, dee bei der Lokalekipp fir vill Opreegung gesuergt huet. D'Gäscht aus dem Aserbaidschan wannen um Enn knapp.
De Ben Kovac huet 15 Punkte fir d'FLBB-Selektioun markéiert, zweestelleg hunn och de Philippe Gutenkauf (11), den Dorian Grosber (11) an de Max Logelin (10) getraff.
Um 16 Auer e Sonndeg spillt Lëtzebuerg fir Ofschloss vun der Pre-Qualifikatioun an der Coque géint Nordmazedonien. De Géigner huet sech um Donneschdeg d'Victoire am Grupp A geséchert. Lëtzebuerg muss hoffen, als beschte Gruppenzweeten an den nächsten Tour ze kommen.
D'Resultater vu Lëtzebuerg
Lëtzebuerg - Irland 89:77
Aserbaidschan - Lëtzebuerg 90:95
Nordmazedonien - Lëtzebuerg 70:79
Irland - Lëtzebuerg 91:85
Lëtzebuerg - Aserbaidschan 74:76
5. Juli: 16:00 Lëtzebuerg - Nordmazedonien
D' Tabell am Grupp A
Nordmazedonien 5 Matcher / 10 Punkten
Lëtzebuerg 5 / 7
Aserbaidschan 5 / 7
Irland 5 / 6