
Et ass den Dag, vun deem d'Mavs ëmmer gedreemt haten. No sëllege Joren, an deene se an de Playoffen erausgeflu waren, hu se déi Kéier déi richteg Ekipp zesummen an d'Gléck op hirer Säit.
2006 hat Dallas den NBA-Titel verpasst, trotz engem 2:0 Avantage an de Finals. D'Joer duerno waren d'Mavericks, als bescht Ekipp vun der regulärer Saison, schonn am éischten Tour vun de Playoffs erausgeflunn.
Och 2010 war no enger Ronn Schluss an den Nowitzki scho méi wéi 30 Joer al. Kritesch Stëmme sinn ëmmer méi haart ginn.
D'Ekipp ronderëm den Däitschen, deen op en Deel vu senger Pai verzicht huet, fir besser Spiller anzekafen, gëtt fir d'Saison 2010/2011 mat Leit wéi Tyson Chandler, Peja Stojakovica a Caron Butler verstäerkt. Jason Kidd an Jason Terry si Stäipen am Team a bleiwen zu Dallas.
Um Enn vun der regulärer Saison stinn d'Mavericks an der Western Conference op Plaz 3 a ginn net onbedéngt als Favorit an d'Playoffs. An der éischter Ronn géint d'Portland Trailblazers geet et op an of.
An de Ronnen duerno géint d'Lakers an d'OKC Thunder wuessen d'Mavs an den Nowitzki iwwert sech eraus. Déi lescht Erausfuerderung vun der Saison kënnt aus Florida.

Géigner an de Finals 2011, wéi fënnef Joer virdrun, sinn d'Miami Heat, déi hirem Superstar Dwayne Wade mam Lebron James a mam Chris Bosh zwee weider Superstaren un d'Säit gestallt hunn. Miami ass Favorit a gewënnt den éischten Duell.
Dobäi räisst sech den "German Wunderkind" och nach eng Seen un engem Fanger. Spill 2 entscheet den Nowitzki trotzdeem kuerz viru Schluss zu Gonschte vun Dallas. Déi drëtt Partie geet erëm knapp un d'Heat.
Stonne virum véierte Match vun der Serie gi beim däitschen Ausnametalent 39 Grad Féiwer gemooss. Hie steet duerno trotzdeem déi meescht Zäit vum Match um Terrain a kann entscheedend zum 2:2 Ausgläich an der Serie bäidroen.
Eng Rei Doktere sinn uschléissend net begeeschtert, dass hie mat Féiwer gespillt huet. Wade an James maache sech duerno iwwert dem Däitsche seng Erkältung lëschteg.
Den Nowitzki seet spéider, déi Partie wier déi wichtegst a senger Karriär gewiescht an äntwert am 5. Match op seng Aart a Weis. Als Topscorer bréngt hie seng Mavs mat 3:2 a Féierung.
Haut viru 15 Joer kënnt et zu Game 6 an de Finals. An der Hal vum Géigner wëllen d'Mavericks den Titel perfekt maachen, mee ausgerechent deen Dag schwächelt hire Superstar mat just 3 Punkten an der Hallschent.
Den Jason Terry konnt dofir awer assuréieren.
No der Paus geet et besser an Dallas geet mat 9 Punkte Virsprong an de leschte Quarter. Miami spillen hir ganz Klass aus, d'Mavs sinn awer net beandrockt an den Nowitzki trëfft elo, wou et drop ukënnt.
21 Punkte fir den Däitschen, 27 fir den Terry, Dallas wënnt um Enn 105:95 géint d'Heat an an der Hal gëtt et ganz roueg.

Den Dirk Nowitzki wëllt duerno just nach eleng sinn a rennt no der Schlusssiren an de Vestiaire. Tréine lafen. Hie wëllt net raus, keng Coupe unhuelen, mee einfach a Rou gelooss ginn.
D'PR-Leit vun de Mavericks mussen den Däitsche bal wuertwiertlech aus der Dusch zéien. Um Enn léisst en sech iwwerrieden a kann um Podium d'Coupe vum NBA Champion entgéint huelen.
Als zweeten Europäer nom Tony Parker gëtt den Nowitzki och nach als MVP vun de Finals 2011 ausgezeechent.
Spéider dierfen d'Mavs op Washington fueren, wou se am Wäissen Haus vum Basketball-Fan Barack Obama empfaange ginn. Bis haut ass et den eenzegen Titel an der Geschicht vun den Dallas Mavericks, fir déi den Dirk Nowitzki nach bis 2019 sollt spillen.
