
De Mike Feyder wäert an der neier Saison net méi Trainer vun der Dammenekipp bei der Sparta sinn. No 4 an engem hallwe Joer hätt hien d'Decisioun geholl fir opzehalen, well d‘Visioun an d‘Ambitioun tëscht him an dem Bartrenger Club net méi déi selwecht wieren, dat schreift de fréiere Spiller op de soziale Medien.
D‘Sparta huet 2026 d‘Coupe gewonnen a gouf am Championnat an der Halleffinall vu Conter eliminéiert.
Bei de Sparta Hären huet de Karl Khalil säi Kontrakt allerdéngs verlängert. Hien hat déi Bartrenger Ekipp rezent bis an d‘Finall vum Championnat gecoached an do mat 0:3 géint d‘Etzella de Kierzere gezunn. Och an der nächster Saison wäert d‘Sparta zu de Favoritten zielen.