NBANew York Knicks stinn an der Finall, dräi Europäer am "All NBA Team"

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Dënschdeg hu sech d'New York Knicks als éischt Ekipp fir d'Finall an der NBA qualifizéiert.
D'Spiller vun den New York Knicks feieren de Gewënn vun den Eastern Conference Finals
D'Spiller vun den New York Knicks feieren de Gewënn vun den Eastern Conference Finals
© JASON MILLER/Getty Images via AFP

Fir déi éischte Kéier zanter dem Joer 1999 steet d'Ekipp aus der Weltstad nees an der Finall vun der stäerkster Basketball-Liga op der Welt. An der Finall vun der Eastern Conference hu sech d'Knicks däitlech mat 4:0 géint d'Cleveland Cavaliers duerchgesat, de véierte Match goung mat 130:93 un New York. Als wäertvollste Spiller gouf den Jalen Brunson (25,5 Punkten, 7,8 Assists) ausgezeechent.

Thunder oder Spurs als Géigner?

De 4. Juni ass den Optakt vun den "NBA Finals", déi och am Best-Of-Seven-Modus ausgedroe ginn. Hei wäerten d'New York am éischte Match auswäerts untrieden. An der Western Conference ass d'Serie däitlech méi spannend. Tëschent dem Champion Oklahoma City Thunder an de San Antonio Spurs steet et 2:2 gläich.

International Spiller dominéieren "ALL NBA TEAM"

Wéi all Joer ginn och déi beschte Spiller vun der Saison ausgezeechent. An der stäerkster Ekipp (ALL NBA FIRST TEAM) sti mam Nikola Jokić (Denver Nuggets), Luka Dončić (Los Angeles Lakers) a Victor Wembanyama (San Antonio Spurs) dräi Europäer. Donieft ass mam "MVP" Shai Gilgeous-Alexander (Oklahoma City Thunder) e Kanadier an der Ekipp, mam Cade Cunningham (Detroit Pistons) steet een US-Amerikaner an der Ekipp.

Back to Top
CIM LOGO