
D'Musel Pikes setze sech an eegener Hal souverän mat 97:86 géint Hiefenech duerch an domat kënnt et am Barrage zu engem decisiven drëtte Match e Samschdeg den Owend zu Hiefenech.
D'Lokalekipp, déi verletzungsbedéngt op de Sam Streef hat musse verzichten, huet no der Defaite am éischte Match ganz konzentréiert ugefaangen an defensiv däitlech méi Drock gemaach. Offensiv konnt d'Ekipp vun der Musel an der éischter Hallschecht 10 Dräier markéieren a louch no 20 Minutte scho kloer mat 60:38 a Féierung. Bei de Gäscht stoung de Jugendtrainer Jose Costa als Head Coach an der Verantwortung, well den Alexis Kreps aus perséinleche Grënn net konnt um Match sinn.
Hiefenech konnt de Réckstand am leschte Véierel nach emol op 9 Punkten reduzéieren, Spannung ass allerdéngs keng méi opkomm. Den Everette Hammond (31 Punkten) an de Jaylen Key (27) hunn als Duo iwwerzeegt bei de Musel Pikes. E Samschdeg kennt et deemno um 20 Auer zum Showdown zu Hiefenech am leschte Match vun der Saison 2025/26.