
D'New York Knicks, d'Cleveland Cavaliers, d'Oklahoma City Thunder a d'San Antonio Spurs wäerten déi nächst Woche fir den Titel an der NBA ënner sech streiden.
An der Nuecht op e Méindeg koum et tëschent den Detroit Pistons an de Cleveland Cavaliers am Osten zu engem entscheedenden 7. Match, dëse konnt Cleveland auswäerts mat 125:94 fir sech entscheeden. De Géigner an der Finall am Osten heescht New York Knicks. D'Knicks hunn d'Serie géint d'Philadelphia 76ers kloer mat 4:0 gewonnen.
An der Western Conference huet sech de Champion Oklahoma City Thunder kloer mat 4:0 géint d'Los Angeles Lakers duerchgesat. De Géigner an der Finall am Westen heescht San Antonio Spurs, déi hir Serie géint Minnesota mat 4:2 gewanne konnten. An der Nuecht op en Dënschdeg steet den éischte Match an dëser Serie um Programm, béid Ekippen hunn an der regulärer Saison iwwerzeegt a méi wei 60 Matcher vun den 82 méigleche gewonnen. De Gewënner vun dëser Serie wäert och als Favorit an d'Finall starten.
Gilgeous-Alexander zum MVP gewielt
De Kanadier Shai Gilgeous-Alexander huet den individuellen Titel vum wäertvollste Spiller fir déi zweete Kéier noenee gewonnen. D'Oklamoma City Thunder ware mat 64 Victoiren déi stäerkst Ekipp an der Liga, de "SGA" koum op 31 Punkten de Match, nëmmen de Luka Donćić vun de Los Angeles Lakers (33,5) hat méi Punkten am Schnëtt. Déi zwee aner Kandidate fir den MVP-Titel waren de Serb Nikola Jokić (Denver Nuggets) an de Fransous Victor Wembanyama (San Antonio Spurs).