Sonndesinterview: Gebridder Gutenkauf an den Ettelbrécker Basket"Wichteg ass et, mat der Fra ofzeklären, wat ee wëlles huet"

Christophe Hochard
Zanter iwwer 15 Joer spillen de Frédéric an de Philippe Gutenkauf bei der Etzella Basket an déi zwee Bridder hu virun zwou Wochen hiren drëtte Championstitel gefeiert.
© Romain Hankes

De Frédéric Gutenkauf (33 Joer), Fritz genannt, an de Philippe Gutenkauf (31 Joer), Sticky mat sengem Spëtznumm, sinn zwee Bridder, déi zanter Joer an Dag zesummen zu Ettelbréck Basket spillen. Hire Bop, den Dokter Jean Gutenkauf, war vun 1988 bis 1996 President vum Veräin.

De Papp vum Fritz a Sticky, de Jemp Gutenkauf, huet vun 1967 bis 1998 den Trikot vun der Etzella iwwergestrëppt an huet och fir d'Lëtzebuerger Nationalekipp gespillt. An d'Mamm, d'Patrice, huet zu Dikrech Volleyball gespillt.

De Sport gouf deenen zwee Jongen also quasi an d'Wéi geluecht. Dass de Philippe am Basket Fouss faasse géif, war net vun Ufank u kloer. "Mäi Papp huet gebibbert a geziddert wéi hien héieren huet, dass mäi Brudder wéilt Futtball spille goen", esou de Frédéric Gutenkauf.

"Mäi Brudder hat en extra Don als Jonke fir Futtball ze spillen. Bei mir war et méi de Volleyball. Ech hat an hunn haut nach ëmmer extrem gutt a vill Kolleegen, déi Volleyball gespillt hunn. Ewéi den Tim Laevaert. Déi hu mech schonn e bëssi an déi Richtung gezunn. Um Enn si mir eisem Papp an dem Club trei bliwwen", erzielt de Fritz mat engem Grinsen am Gesiicht.

"Ech wollt an de Futtball, wéi ech schonn am Basket war a mäi Papp huet dogéint gestëmmt. Hie wär net esou frou gewiescht, wann ech an de Futtball gaange wär. Dee Choix deet mir och zu kengem Ament leed", esou d'Conclusioun vum Philippe.

Fënnef Joer al war hien, ewéi hie mam Baby Basket ugefaangen huet. Och säi Brudder de Frédéric huet mat fënnef Joer am Basket gestart.

Sonndesinterview mat de Bridder Gutenkauf
De Jemp Gutenkauf, Papp vum Philippe a Frédéric huet och bei der Etzella gespillt an ass haut nach als Teammanager am Veräin aktiv.

"Iwwer 15 Joer zesummen um Terrain"

De Frédéric an de Philippe spillen zanter 15 Joer zesummen an enger Ekipp, ugefaange bei den Espoirs a bis haut: "Wéi mir ganz jonk waren hu mir eis schonn zerstridden an der éischter Ekipp. Do ass et munchmol haart hin an hier gaangen. De Philippe huet déi selwecht Positioun ewéi ech deemools gespillt. Do hu mir eis ëm d'Plaz gestridden. Haut ass dat net méi de Fall, well mir aner Positioune spillen."

Zanter 15 Joer spillen de Frédéric an de Philippe Gutenkauf zesummen Basket.
Anerer Meenung ze sinn ass normal. Och als Bridder.

"Et leeft net ëmmer esou wéi mir et wëllen. Heiansdo hu mir Diskussiounen, jo. Do kann et dann och emol flamen. Nom Training oder nom Match ass dat dann awer och direkt vergiess. Mir si Bridder. Mir hunn eis gestridden. Mir wäerten och ëmmer erëm eis mol streiden. Et gëtt awer näischt méi Schéines ewéi mat dengem Brudder zesummen en Titel ze gewannen", esou de Philippe Gutenkauf wärend eisem Gespréich.

Déi zwee Bridder hu bis ewell dräimol de Championstitel mat Ettelbréck zesumme feiere kënnen: 2019, 2025 an dëst Joer.

© Christophe Hochard

Kapitän vun der Ekipp

De Frédéric Gutenkauf huet zanter 2018 de Kapitänsbännche vun der Etzella Ettelbréck. Eng Roll, déi de Papp vun zwee klenge Kanner ganz seriö hëlt.

"Et muss een all Dag mam gudde Beispill virgoen. Weisen, dass een haart schafft. Virun allem wéinst deene Jonken. Hinne weisen, dass ee vill trainéiere muss, wann ee wëll vill Spillminutte kréien. Op där anerer Säit ass meng Roll awer och, d'Ekipp zesummen ze halen, am Echange mat den Traineren ze sinn. Souwuel virun ewéi och no der Saison. Wärend der Saison och ëmmer am Austausch mam Coaching Staff ze sinn. Ech sinn déi éischt Kontaktpersoun vum Trainer", beschreift de Fritz seng Kapitänsroll.

De Frédéric Gutenkauf vun der Etzella am RTL Interview
Zanter 2018 ass de Frédéric Gutenkauf Kapitän vun der Ekipp

Mëtt August fänkt d'Preparatioun op déi nei Saison un. Fënnef bis sechs Deeg an der Woch sinn déi zwee Bridder an der Hal, fir Traininger oder Matcher. Vill Owender gi fir de Sport drop, wou si net doheem bei hirer Famill sinn.

All Joer en "neie Kontrakt mat der Fra aushandelen"

De Frédéric an de Philippe hu Chance, datt hir Frae vill Versteesdemech fir hire Sport opbréngen. Eng Selbstverständlechkeet ass et net. "Wichteg ass et mat der Fra ofzeklären, wat ee wëlles huet. Ech gesinn dat allerdéngs positiv", esou de Philippe. "Eis zwou Frae si gutt Fraen, déi ënnerstëtzen eis dobäi. A si sinn och frou, wa mir gewannen". Dobäi laacht den Etzella Basketballspiller iwwert d'ganzt Gesiicht.

"Meng Famill steet op éischter Plaz. Si geet vir. Ech soe menger Fra och all Joers Merci, datt ech däerf mäin Dram ausliewen. Et geet och net, dass een no der Aarbecht heem kënnt a sech op d'Couche leet. D'Kanner wëllen och gären de Papp hunn. Mat hinne spillen, si an d'Schoul bréngen, an d'Crèche siche goen. D'Kanner ginn natierlech och méi grouss a méi al a fuerderen ëmmer méi de Papp. Du gëss op der Aarbecht gefuerdert. Doheem an och um Basket", erkläert de Frédéric Gutenkauf.

"Blue Blood Family"

Sou nenne se sech beim Ettelbrécker Basket. Eng grouss Famill, wou sech géigesäiteg ënnerstëtzt gëtt. D'Kollegialitéit gëtt grouss geschriwwen.

Interview mam Philippe a Frédéric Gutenkauf vun der Etzella Ettelbréck
Den Ettelbrécker Basket ass eng grouss Famill.

De Philippe Gutenkauf spillt net nëmmen zu Ettelbréck Basket. Hie gehéiert och zum Kader vun der Härennationalekipp. Op Malta konnt de Sticky zesumme mat der Ekipp 2023 eng éischte Kéier eng Goldmedail bei de Spiller vun de Klenge Länner gewannen. 78:69 huet d'FLBB-Nationalekipp deemools géint Malta gewonnen.

"Et ass eppes Onvirstellbares, wat ee mat deem ganze Grupp erlieft. Souvill Geschichten iwwer déi Joren. Dat sinn Erfarungen, déi net jidderee mécht. Dat ass vill wäert."

Sonndesinterview mat de Gebridder Gutenkauf vun der Etzella
De Philippe Gutenkauf huet vill, flott Erliefnisser mat der Nationalekipp. D'Goldmedail op Malta gewonnen.

Sonndes de 17. Mee hu béid Bridder hiren drëtte Championstitel gewonnen. Nom T71 Diddeleng zejoert hunn de Frédéric an de Philippe des Saison sech géint d'Sparta Bartreng an der Finall behaapt. Un d'Ophalen denken déi zwee elo nach net. Den Doublé, also d'Coupe an de Championstitel gewannen, wéilten déi zwee nach gären erreechen. 

Etzella Ettelbréck séchert sech de Championstitel
An der Best-of-Five-Serie huet een och den drëtten Duell géint d'Sparta gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO