Basketball-Championnat: BarrageMusel Pikes klappen Hiefenech a bleiwen an der Enovos League

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg gouf am Barrage den drëtten an decisive Match tëschent der US Hiefenech an de Musel Pikes gespillt.
Den decisive Match tëscht Hiefenech an de Musel Pikes
© Guy Seyler

Am decisive Barragematch am Basket-Championnat konnte sech d'Gäscht vun der Musel knapp mat 84:77 géint Hiefenech behaapten a spillen domat och 2026/27 an der Enovos League bei den Hären. Hiefenech verpasst dogéint den Opstig.

An der éischter Hallschecht konnt sech keng Ekipp ofsetzen, Hiefenech louch knapp mat 42:40 a Féierung. Bei der Lokalekipp stoung de Jugendtrainer vum Veräin, Jose Costa, eng weider Kéier als Head Coach an der Verantwortung, well den Alexis Kreps aus perséinleche Grënn gefeelt huet.

Ganz enk ass et och nom Säitewiessel weider gaangen. En Opreeger gouf et um Enn vum drëtte Véierel wéi d'Arbitter 2 Punkte vun de Gäscht nees zeréck gezunn hunn, well de falsche Spiller d'Footen geworf hat.

De Match sollt an enger dramatescher Schlussphas entscheet ginn. Den Tom Welter huet seng Ekipp ronn 30 Sekonne viru Schluss mat engem Dräier 80:77 a Féierung bruecht. Hiefenech huet seng lescht Wërf net getraff an d'Pikes setze sech um Enn no hektesche leschten Aktioune knapp duerch.

Den Everette Hammond (31 Punkten) an den Jaylen Key (29) hunn als Duo 60 Punkte fir d'Pikes markéiert.

Back to Top
CIM LOGO