Basketball-ChampionnatDiddeleng eliminéiert d'Fiels, an dräi Serië gëtt et en drëtte Match

RTL Lëtzebuerg
Um Mëttwoch stoung an de Véierelsfinalle vun der Enovos League bei den Hären den zweete Match um Programm. Dës Serië ginn am Best-of-Three-Modus gespillt.

E puer vun de Favoritten stoungen no enger Néierlag am éischte Match schonns ënner Drock. An alle véier Partië war et dann och spannend bis, op d’mannst bal zum Schluss.

Fir de Coupe-Gewënner Arantia Fiels ass d’Saison eriwwer. Den T71 Diddeleng setzt sech no enger intensiver Partie mat 92:90 duerch a steet domat als éischt Ekipp an der Halleffinall. Den T71 huet als Ekipp iwwerzeegt an insgesamt 13 Dräier getraff, de Maurice Calloo koum op 20 Punkten. E leschte Worf vum Fielsser Profi Godwin sollt net eragoen an Diddeleng konnt jubelen.

D’Sparta Bartreng erkämpft en entscheedenden drëtte Match, dat mat enger knapper 79:76 Victoire auswäerts zu Walfer. D’Lokalekipp hat d’Méiglechkeet sech an d’Verlängerung ze retten, e Worf vum Profispiller Bailey ass allerdéngs knapp laanscht gaangen. De Jarvis Williams koum op 20 Punkten bei de Gäscht.

Eng Iwwerraschung gouf et zu Käerjeng, hei erzwéngen d’Kordall Steelers mat enger 85:82 Victoire en drëtte Match géint Ettelbréck. D’Partie war iwwer 40 Minutten equilibréiert, d’Lokalekipp huet sech mat vill Asaz am Rebound e Virdeel erspillt an des Victoire géint de Favorit erkämpft. Den Erik Timko koum op 25 Punkten fir d’Lokalekipp.

D’Amicale Steesel gläicht d’Serie géint de Basket Esch mat enger 78:70 Victoire aus. D’Gäscht hu kollektiv iwwerzeegt a louchen an der Paus 44:34 a Féierung. Esch konnt sech zwar nees erukämpfen, um Enn hat Steesel allerdéngs d’Nues fir. Fënnef Spiller bei de Gäscht hunn zweestelleg getraff wat déi staark Kollektivleeschtung ënnersträicht.

Hären

Back to Top
CIM LOGO