Basketball-ChampionnatEttelbréck geet an der Finall 1:0 a Féierung

RTL Lëtzebuerg
Um Sonndeg war an der Enovos League bei den Hären den Optakt vun der Finallserie, déi am "Best-Of-Five"-Modus gespillt gëtt.
© AFP (Archiv)

Hären

D'Etzella Ettelbréck setzt sech mat 82:76 géint d'Sparta Bartreng duerch a geet an der Serie 1:0 a Féierung.

D'Gäscht vu Bartreng sinn duerch en treffséchere Yannick Verbeelen gutt an d'Partie gestart. Duerno huet d'Etzella besser an de Match fonnt a sech bis zur Paus e klenge Virsprong erausgespillt. Den Nicholas Davis (17 Punkten an der éischter Hallschecht) war omnipresent ënner dem Kuerf an d'Lokalekipp louch 41:34 a Féierung.

No der Paus sollt et ganz spannend ginn, 3 Minutte viru Schluss stoung et gläich. An der Schlussphas war op de Philippe Gutenkauf Verlooss. Hien huet zwee wichteg Kierf noenee markéiert an d'Etzella huet um Enn eng enk Partie gewonnen. Den Nationalspiller koum um Enn op 18 Punkten, den Nicholas Davis konnt 25 Punkten fir d'Etzella markéieren.

Den zweete Match vun der Serie gëtt um Mëttwoch zu Bartreng gespillt.


Back to Top
CIM LOGO