
D'Musel Pikes setzen sech an engem enorm wichtege Match mat 87:74 doheem géint Mambra Mamer duerch an domat steet Mamer als zweeten Ofsteiger niewent dem AB Contern fest. D'Lokalekipp konnt sech zum Schluss vum drëtte Véierel ofsetzen an des Féierung bis zum Schluss vun der Partie halen. Den Jaylen Key konnt mat 26 Punkten iwwerzeegen, den Tom Welter huet 17 Punkten zur Victoire bäigesteiert. D'Pikes hunn insgesamt 15 Dräier getraff.
De Racing Lëtzebuerg huet sech an eegener Hal kloer mat 100:74 géint den AB Contern duerchgesat. 22 Punkte gounge bei der Lokalekipp op de Kont vum Flenard Whitfield. Um Samschdeg spillen d'Pikes an de Racing um leschte Spilldag vum Playdown am direkten Duell em déi éischte Plaz am Grupp. De Gewënner bleift an der Enovos League, de Verléierer muss dogéint an de "Barrage" (Best-of-Three Serie) géint den Tabellendrëtten aus der zweeter Divisioun (US Hiefenech oder Gréngewald Hueschtert).